Knuedler

Plaz an der Stad Lëtzebuerg

De Knuedler ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Offiziell heescht se "Place Guillaume II" nom Wëllem II. vun Holland, Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Um Knuedler, mat Bléck op d'rue de la Reine an de groussherzogleche Palais (2011).
De Knuedler vum Stadhaus aus gesinn (2009).

Vun 1250 un stoung do e Franziskanerklouschter. D'Kniet un der Kordel, déi Franziskaner droen, huet hinnen am Volleksmond den Numm Knuedler ginn, dee méi spéit op d'Klouschter selwer an op d'Plaz, op där d'Klouschter stoung, iwwerdroe gouf. Nodeem d'Klouschter an der Franséischer Revolutioun opgeléist gi war, huet den Napoleon 1804 d'Klouschterareal der Stad Lëtzebuerg iwwerdroen. Doropshi goufen d'Gebaier no an no ofgerappt, an d'Plaz, wéi mer se haut kennen, ugeluecht, an déi am Ufank Place Napoléon geheescht huet an 1817 a Place Guillaume ëmgedeeft gouf. D'Haaptgebai gouf 1829 ofgerappt, fir Plaz ze maache fir d'Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. Dëst gouf tëscht 1830 an 1838 am neoklassizistesche Stil no Pläng vum Lécker Architekt Julien Rémont[1] gebaut. Déi bronze Léiwe lénks a riets vun der Haaptentrée goufen 1931 vum Auguste Trémont geschaf. Op der Plaz steet eng Statu vum Wëllem II. um Päerd, déi 1884 opgeriicht gouf an no Oste kuckt. Zur selwechter Zäit sollt zu Den Haag eng Statu vum Wëllem II opgeriicht ginn. D'Resultat huet awer net sou gefall, dofir gouf d'Statu 1924 op Tilburg geschéckt, an an d'Plaz koum eng Kopie vun där um Knuedler, déi haut nach am Buitenhof ze gesinn ass.[2]

Op der Südsäit vun der Plaz, lénks vum Stadhaus, steet e Monument zu Éiere vum Michel Rodange, dat 1932 ageweit gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Michel-Rodange-Monument um Knuedler.

An den 1970er Jore gouf ënner der Plaz en ënnerierdesche Parking mat 4 Stäck vu jee 3360 m² pro 'Deck' gebaut. Am Januar 2016 gouf ugefaangen de Parking ze restauréieren an ze vergréisseren. Bei déi ursprénglech 483 Parkplaze kommen der nach 268 derbäi. D'technesch Installatioune gi moderniséiert an d'Lifte fir d'Cliente ginn erneiert a vergréissert. D'Aarbechte sollen 2023 fäerdeg sinn[3].

Um Knuedler gëtt de Stater Wochemaart ofgehalen, a wärend der Oktav den Oktavmäertchen.

Zanter 1991 ass do och all Joer en Open-air-Museksfestival, "Rock um Knuedler" genannt.

Ausgruewungen 2009/2011 änneren

Bei de Buedemaarbechte fir den neie Biergerzenter um Knuedler goufen Enn 2009 Grondmauere fonnt. Doropshi gouf vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht eng archeologesch Gruewung realiséiert, bei där d'Grondmauere vun engem Gebai an och Griewer aus dem Mëttelalter fräigeluecht goufen. D'Gruewung gouf Enn Abrëll 2011 ofgeschloss.

Erweiderung vum ënnerierdesche Parking änneren

Wéinst der Erweiderung vum ënnerierdesche Parking a Richtung Rue du Fossé goufen am Juli 2018 zwou Platanen um Knuedler aus dem Buedem geholl. Si goufen um Lampertsbierg um Eck Avenue Sax / Rue Nicolas-Liez nei geplanzt.[4]

Literatur änneren

  • Clesse, René, 2000. Ronderëm de Knuedlergaart. ons stad 64, S. 2-6. [1]
  • Friedrich, Evy, 1979. Von Häusern und Menschen um den Knuedler. ons stad 1, S. 12-14. [2]
  • Huberty, Christiane, 2008. Wëllem II. Guillaume II. In: Kmec, S.; Majerus, B., M. Margue & P. Péporté: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2e édition, Luxembourg, S. 79-84.
  • Probst, Jean, 1994. Les monuments de la ville de Luxembourg: Guillaume II. ons stad 17, S. 20-21. [3]
  • Zenner, Roby, 2009. "Knuedler": Wilhelm II. grüßt seit 125 Jahren. Lëtzebuerger Journal, Nr. 252, 31. Dezember 2009, S. 20. [4]

Fotoen änneren

Placken um Knuedler änneren

Historesch Biller änneren

Ausgruewungen 2009-2011 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Knuedler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Stater Chronik - Rectification in: Ons Stad Nr 28 vun 1988, S. 3 (Link op d'pdf-Dokument)
  2. Zenner (2009)
  3. Ville Haute : parking sous-terrain Place Guillaume II. vdl.lu. Gekuckt de(n) 30.10.2023.
  4. nas, 2018. Abschied vom Knuedler. Zwei Bäume sind von der Place Guillaume II nach Limpertsberg umgezogen. Luxemburger Wort vum 13. Juli 2018, S. 19.