Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Lellgerbaach ass eng Baach an der Gemeng Kiischpelt.

Si entsteet aus dem Zesummefloss vun der Léierbech, déi op enger Héicht vu 450 m, net wäit ewech vun der Housener Barrière entspréngt, an der Happerbaach, déi hir Quell eng 800 m méi nërdlech, op enger Héicht vu 490 m huet. Nom Zesummefloss op der Grenz vun der Gemeng Kiischpelt leeft d'Lellgerbaach eppes iwwer 4 km laang a südwestlecher Richtung duerch en Dall tëscht dem Pënzebierg an dem Bärel, duerch deen och den CR323 féiert.

Si mécht do d'Grenz vum Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel.

Ier s'op Lellgen kënnt, gëtt se, op enger Héicht vun 300 m, vu riets vun der Helbichbaach gefiddert. Zu Lellge selwer leeft si mat der Pëntscherbaach zesummen, déi vun Norde kënnt, fir dann 100 m méi wäit, bei 289 m NgL an d'Klierf ze lafen.

Kuckt och änneren


Referenzen änneren