Deneb ass den Eegennumm vum hellsten Stär (α Cygni) am Stärebild Schwan. Den Deneb ass een ganz waarme Iwwerris deen zu de bloe Rise gehéiert. Hie mécht zesumme mat der Vega an dem Altair dat bekannt Summerdräieck. Distanz vum Deneb op eis Sonn léisst sech ganz schwéier bestëmmen, well bei wäiten Objeten d'Moossfeeler scho groussen Afloss op d'Resultat hunn. Bei geneeë Miessungen duerch de Satellit Hipparcos gouf eng Parallax vun nëmmen 1,01 Millibousekonnen ermëttelt, wat enger Distanz vun zirka 3200 Liichtjoer entsprécht. Dem Deneb seng Stralungsenergie ass ronn 1,2 × 1032W an ass domat ronn 300.000-mol méi staark wéi eis Sonn.

Stärebild Schwan

Den Numm Deneb, kënnt aus dem arabeschen a bedeit „Schwanz“.

Bezeechnungen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Deneb – Biller, Videoen oder Audiodateien