Sudeten (Tschechesch a Polnesch: Sudety) ass den Numm vun enger Biergkette vu mëttelhéije Bierger an der däitsch-polnesch-tschechescher Grenzregioun. Se ass en Deel vum Béimesche Massiv a geet vun Dresden (Elbe-Sandsteenbierger - Elbsandsteingebirge) am Weste bis bei d'Moravsky Brana ("Mieresch Paart", wou d'Europäesch Waasserscheed derduerchgeet, a wat en historesche Passage tëscht Nord a Südeuropa war) am Osten.

Sněžka (cs)/Śnieżka (pl)/Schneekoppe (de); den héchste Bierg vun de Sudeten.
Widok
"Piekło" um Bierg Szczeliniec Wielki an der Sektioun Góry Stołowe
Däitsch-tschechesch-polneschen Dräilännereck.
Schema vum Relief vun de Sudeten.

Si setzt sech aus e puer Bierggruppen zesummen, dorënner d'Krkonoše (tschechesch)/Karkonosze (polnesch)/Riesengebirge (däitsch) an d'Hrubý Jeseník (cs)/Wysoki Jesionik (pl)/Altvatergebirge (de). Am Ganzen ass s'eng 310 km laang an 30 bis 50 km breet.

D'Sudete ginn an dräi Sektiounen ënnerdeelt - West-, Mëttel- an Ostsudeten -, déi hirersäits aus enger ganzer Rëtsch vu Landschafte bestinn.

De Bierg Sněžka (cs)/Śnieżka (pl)/Schneekoppe (de) ass mat 1603 Meter den héchste Punkt.

D'Begrëffer "Sudetendäitsch" (Sudetendeutsche), d. h. déi däitschsproocheg Awunner aus der deemoleger Tschechoslowakei, wéi och "Sudetenland" (fir déi béimesch, mieresch an tschechesch-schleesesch Grenzregiounen zu Däitschland an Éisträich, wou se gewunnt hunn, ginn op d'Sudeten zeréck.

Um Spaweck änneren

Commons: Sudeten – Biller, Videoen oder Audiodateien