Lafbam
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Lafbeem oder Lafhëlzer ginn all d'Beem aus der Grupp vun de Magnoliopsida, (fréier Angiospermen oder Magnoliophyta) bezeechent.
Planzegesellschaften an deenen haaptsächlech Lafbeem virkommen, gi Lafbëscher genannt.
An der Forstwirtschaft a Mëtteleuropa ginn d'Lafbeem no hirem Notzen an no hiren Uspréch a verschidde Klassen agedeelt.
- Haaptaarten:
- Routbuch (Fagus silvatica)
- Eechen (Quercus) mat:
- Stilleech (Quercus robur) (=Qu. pedunculata)
- Drauweneech (Quercus petrea) (=Qu. sessiliflora)
- Routeech (Quercus borealis var. maxima)
- Edellafhëlzer:
- Ënner deem Sammelbegrëff ginn all déi Aarten zesummegefaasst, déi niertstoffräich Biedem brauchen a bei entspriechender Fleeg héichwäertegt Stammholz liwweren. Dozou gehéieren ë. a d'Esch (Fraxinus excelsior), de Biergahorn (Acer pseudoplatanus), de Spatzahorn (Acer platanoides), d'Biergulm (Ulmus glabra), d'Feldulm (Ulmus carpinifolia) an d'Schwaarznoss (Juglans nigra).
- Dénger:
Zu den Dénger gehéieren déi Beem déi hëllefen e Bestand ze fleegen, an den Drock vun den Haaptaarten erdroen. Et si Beem déi vu sech aus net ganz grouss ginn, oder och kënnen zeréckgekäppt ginn, an déi en am Zwëschen- oder Ënnerstand fënnt. Duerch de Schiet dee se maachen, hëllefen se d'Haapstämm ze botzen, bremsen d'Loftvitesse, hëllefen de Buedem ze bedecken, a beräicheren de Buedem mat enger Stree déi sech gutt zersetzt.
- Pionéierhëlzer
- Pëppelen a Weiden