D'Weilerbacher Schmelz war eng kleng Schmelz fir Goss ze produzéieren an ze verschaffen, déi schonn am 18. Joerhonnert funktionéiert huet a bis 1958 a Betrib war.[1] Si war ënner anerem am Besëtz vun der Abtei Iechternach a vun der Famill Servais a stoung zu Weilerbach bei Bollenduerf an der Verbandsgemeng Südeifel.

En Deel vun deem, wat vun der Schmelz Rescht ass (2011).
D'Reschter vun der Schmelz (2001)

Geschicht

änneren

D'Benediktinerabtei Echternach hat 1762 fir 19.570 Frang eng kleng Schmelz bei Bollendref kaaft. Well op där Plaz d'Produktioun net gesteigert konnt ginn, huet den Abt Emmanuel Limpach decidéiert, tëscht 1777 a 1779 eng nei grouss Schmelz an der Nopeschuertschaft Weilerbach ze bauen. 1780 gouf nach e Verwaltungsgebai an dem Abt seng Summerresidenz, dat spéidert Schlass Weilerbach bäigebaut. D'Pläng dovu ware vum Tirouler Baumeeschter Paul Mungenast.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass Weilerbach.

Wéi e puer Joer méi spéit déi franséisch Revolutiounstruppen d'Géigend besat hunn, gouf d'Proprietéit 1794 vum franséische Staat beschlagnahmt a 1797 huet de franséische Kommissär Nicolas Vincent Légier d'Schmelz an d'Schlass gesteet. Deen huet en ettlech Ëmännerungen a Verbesserunge gemaach, wéi eng Waasseralimentatioun, an eng Vergréisserung vun den Halen. Am Ufank ass d'Schmelz net besonnesch gutt gelaf, well de Légier, deen dacks am Ausland war, sech net genuch konnt drëms bekëmmeren. Duerch d'Engagement vum Beeforter Schmelzemeeschter Peter Lefort, deen och spéider dem Légier seng Niess, d'Margarethe Rosalie Rigal, bestuet huet, koum d'Produktioun op Héichtouren.

Wéi d'Grande Armée am Oktober 1813 an der Vëlkerschluecht vu Leipzig geschloe gi war, gouf de Légier op Lëtzebuerg kommandéiert. D'Fransousen hu vill Steiere verlaangt, déi de Légier praktesch all aus senger Täsch bezuelt huet. Eréischt 1816 no der Néierlag vun de Fransousen, a mat der Unerkennung vun der franséischer Staatsschold, gouf en indemniséiert.

Wéi no dem Wiener Kongress d'Proprietéit a preisescht Staatsgebitt koum, goung d'Famill Légier nees zeréck a Frankräich. Just den Nicolas ass zu Weilerbach bliwwen an huet de Peter Lefort als Ierwen agesat.

1827 huet deen dat Ganzt dem Charles Collart verkaaft, iwwer deen et duerch Scholdschäiner a Wiesselen 1832 un d'Famill Servais koum. D'Famill Servais war duerno 150 Joer laang Besëtzer vun der Proprietéit.

An der Schmelz goufen allerlee Saache produzéiert, an et war éischter eng Manufaktur wéi eng Schmelz am moderne Sënn. Se huet aus enger Eisegéisserei, engem Emailléierwierk an engem Vernéckelungsatelier bestanen. Donieft gouf et e mechaneschen Atelier an en Hummerwierk. D'Produktioun hat e grousse Volet. Et goufen Eisen- a Blechkonstruktiounen hiergestallt, wéi Brécken, Diech, Gelänneren, Millewierker, Transmissiounen, Pompelen, Kelteren a landwirtschaftlech Maschinnen. Kesseliewen, Camionsachsen, Buggien a Waasserrengerer hunn zu de Spezialitéite vum Wierk gehéiert.[2]

1871 gouf eng Wandhëtzanlag vum System Whitwell installéiert. Déi hat allerdéngs kee grousse Rendement a gouf 1877 nees ofgebaut. D'Blecher dovu goufe spéider beim Bau vun der Bréck iwwer d'Sauer benotzt [3], déi 1881 op Bedreiwe vum Émile Servais als Delegéierte vum Verwaltungsrot gebaut gouf.

1904 krut d'Wierk en Uschloss op der lëtzebuergescher Säit un d'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg. No 1918, wéi Lëtzebuerg net méi am Zollveräin war, goufen d'Transporter iwwer déi däitsch Sauerdallbunn an Direktioun Tréier gemaach.

Wärend der Ardennenoffensiv gouf d'Schlass schwéier duerch Artilleriebeschoss beschiedegt a stoung laang eidel. De Betrib an der Schmelz goung awer bis 1958 weider.

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Geschichtlechen Iwwerbléck vun der Weilerbacher Schmelz
  2. Neu, P.: Eisenindustrie in der Eifel, Köln 1988.
  3. Servais, F.: Echternach au Travail, in: Cahiers Luxembourgeois 1930.