De Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain ass eng Kulturariichtung vum Lëtzebuerger Staat, déi 1996 an der Stad Lëtzebuerg am Gebai vum fréiere Casino bourgeois[2] ageriicht gouf. Am Gebai, dat 1882 seng Dieren opgemaach huet, gouf et ni Spillsäll an et war och net geplangt, där do anzeriichten.[3]

Casino Luxembourg
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'58"N, 6°7'39"O
Datum vum Bau 1995
D'Südfassad vum Casino mam "Aquarium"[1].
D'Nordfassad an der Ënneschtgaass, mat der Haaptentrée.

Geschicht vum Gebai änneren

Den 10. September 1880 gouf vun enger Rei Perséinlechkeeten Société Anonyme du «Casino de Luxembourg» gegrënnt.[4]

Tëscht 1880 an 1882 gouf vun de Lëtzebuerger Architekte Pierre Funck (1846-1932) a Pierre Kemp (1841-1895) e Casino, an engem mediterranen Nei-Barock-Stil, gebaut. Finanzéiert gouf e vun der Société anonyme du Casino de Luxembourg[5], a bekannt gouf en ufanks ënner dem Numm Casino bourgeois. Et gouf e Liessall an e Restaurant. Weider gouf de Casino fir Baler, Concerten, Ausstellungen, Theateropféierungen a soss Versammlunge benotzt. Den 19. Juli 1886 huet de Franz Liszt do säi leschten ëffentleche Concert ginn.

Ënner der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich huet de Casino vun 1940 bis 1944 missen als Kameradschaftshaus der NSDAP duerhalen, wou reegelméisseg Partyowenter fir Parteibonzen organiséiert goufen.

1959 gouf d'Société du casino bourgeois opgeléist. De Lëtzebuerger Staat huet d'Gebai kaaft an dem Cercle culturel des Communautés européennes, deen 1954 gegrënnt gi war, verlount. Bis an d'1990er Jore gouf d'Gebai, ënner dem Numm Foyer européen fir Empfäng a kulturell Aktivitéite vun den EU-Institutioune benotzt.

1993 gouf d'Gebai ëmgebaut, fir als Ausstellungsraim am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad 1995 benotzt kënnen ze ginn.

Forum d'art contemporain änneren

1996 gouf decidéiert, d'Gebai als Forum d'art contemporain ënner der Gestioun vum nei gegrënnte Veräin Casino Luxembourg a.s.b.l. ze benotzen. Zanterhier ginn do thematesch Ausstellunge gewisen a Workshopen organiséiert. De Casino gëtt Bicher iwwer seng Ausstellungen an iwwer verschidden Artisten eraus.

Am Casino ass och en Dokumentatiounszentrum, wou een op Rendez-vous Zäitschrëften, Bicher, Katalogen, CD-Romen an DVDen iwwer modern Konscht liesen a kucke kann. De Fong kënnt vum sougenannten "Infolab", deen 1998 fir d'Manifesta 2, eng europäesch Biennale fir modern Konscht, zesummegestallt gi war.

President vum Forum d'art contemporain ass de Paul Reiles, administrativen Direkter war bis Enn 2015 de Jo Kox, vu Januar 2016 un ass et d'Nancy Braun.[6] Artisteschen Direkter war bis Enn 2008 den Enrico Lunghi. Hie gouf den 1. Abrëll 2009 vum Kevin Muhlen ersat.

Placken op der Fassad vum Gebai änneren

Un der Nordfassad an der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) sinn zwou Placken ze gesinn:

  • eng Plack déi un de Franz Liszt erënnert, deen den 19. Juli 1886, 12 Deeg viru sengem Doud, an dësem Gebai säi leschte Pianosconcert ginn huet;
  • eng Plack déi un d'Grënnung, am Joer 1898, vun der Alliance internationale de tourisme erënnert.

Permanent Konschtwierker änneren

Literatur änneren

  • Anonym, 1858. Règlement d'administration du Casino bourgeois à Luxembourg. Luxembourg, V. Bück. 8 p.
  • Anonym, 1880. Société anonyme du Casino de Luxembourg. Statuts. Luxembourg, V. Bück. 24 p.
  • Anonym, 1886. Nouveaux statuts / Casino de Luxembourg, société anonyme. Luxembourg, V. Buck. 16 p.
  • Jeck, Marc, 2010. Un clin d'oeil à l'histoire. Ceci n'est pas un Casino ! Histoire d'un bâtiment qui, depuis 1995, est synonyme de l'art contemporain au Luxembourg. Die Warte vum 8. Juli 2010, S. 14-16.
  • May, Guy, 2011. Franz Liszt. Luxemburg und die Munkácsys. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-820-1.
  • Philippart, R., 2015. Il y a 135 ans. La création de la Société du Casino de Luxembourg. Un immeuble de choix pour la haute société de la capitale. Die Warte 24|248 vum 17. September 2015, S. 2-4.

Illustratiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Casino Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Den Anagramm INCAOS gouf fir d'Ausstellung Casino INCAOS vum Bruno Peinado installéiert (25. Sept. 2010-9. Jan. 2011). LW 25. Sept. 2010, Nr. 224: 22. Den Anagramm ass am Mee 2018 nach ze gesinn.
  2. Cf. Anonym 1858 an der Literatur.
  3. {{small|Cf. Jeck 2010: 16 an der Literatur.{{small|
  4. Mémorial A N° 66 vum 23. September 1880
  5. Cf. Anonym 1880 & 1886 an der Literatur.
  6. "Casino Luxembourg: Nancy Braun ersetzt Jo Kox." rtl.lu, 01.10.2015, 11:14:24.
  7. D'Plack gouf 1986 ubruecht. Cf. Mee 2011: 92 an der Literatur.