Haaptmenü opmaachen
D'Rumm-Befestegungen:
D'Kasären (Nr. 16, "C. Rh."), d'Tréirer Paart (Nr. 44 "P. Tr."), d'Redoute (Nr.47, "R. Rh.") an de Ravelin (Nr.49 "R. Rh.") am Joer 1794, Ausschnëtt vum Plang vum Alfred Lefort.

De Rumm-Plateau ass eng Héicht ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, op deem e gréisseren Areal läit, dee vum Bau vun der Wenzelsmauer bis zum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg exklusiv militäresch benotzt gouf. Am Dall westlech an nërdlech läit de Staddeel Gronn. De Plateau gëtt duerch den Uelzechtdall zu dräi Säiten hi begrenzt. De Floss kënnt vun Osten, fléisst laanscht d'Polvermillen an de Gronn a mécht dann do eng Schleef, an där de Plateau läit. No Oste läit haut de Quartier Zens vun der Stad Lëtzebuerg, duerch deen d'Tréierer Strooss féiert, déi fréier Haaptverbindung tëscht der Stad an Tréier. De Plateau gouf vum Enn vum 14. Joerhonnert u befestegt, bis an d'19. Joerhonnert goufen déi Befestegunge weider ausgebaut.

Origine vum NummÄnneren

Iwwer d'Origine vum Numm vum Plateau gëtt et eng Rei Theorien.[1] De Plateau daucht a Quelle virum 15. Joerhonnert als "Dënsel" oder "Dinsel" op, wat sech wahrscheinlech vum laténgeschen insula (= Insel) ofleede léisst, vu datt de Plateau op 3 Säite vun der Uelzecht ëmginn ass, an dowéinst eng Zort Hallefinsel mécht. Aus deem Grond huet d'Tréierer Paart op dësem Plateau och de Bäinumm "Dënselspaart".

Den Numm "Rumm" daucht eréischt an der Mëtt vum 15. Joerhonnert op: uff den Rhamen, op der Rhuem.[2] Vu wou e kënnt ass net eendeiteg gekläert, vläicht awer aus dem Germaneschen, wou en "Hiwwel" oder "Kopp" kéint bedeiten.[3] Eng weider Méiglechkeet ass, datt den Numm ganz banal vu Rummen hierkënnt, op déi Dicher gespaant goufen déi frësch gewieft gi waren.[4]

Iwwersiicht iwwer d'Baugeschicht vum PlateauÄnneren

Iwwer déi fréi Siidlungsgeschicht ass net vill gewosst. Zanter dem Ufank vum Festungsbau op där Plaz goufe Mënze fonnt, déi aus der Zäit vun de réimesche Keeseren, vum Gallienus (253-269) bis bei de Valentin II (388-392), stamen. De Jules Vannérus geet dofir dovun aus, datt op där Plaz zu deem Zäitpunkt e réimescht Lager existéiert huet.[5] 1682 sinn du beim Ëmbau vun der aler Tréierer Paart réimesch Tounschierbele fonnt ginn.[6]

Bau vun der EnceinteÄnneren

 
3 Tierm um Rumm-Plateau.

Ëm 1380 (oder tëscht 1387 an 1395, jee no Quell) gouf ënner der Herrschaft vum béimesche Kinnek Wenzel II. mam Bau vun enger Rankmauer ugefaangen, déi de Rumm-Plateau fir d'éischt Kéier mat an d'Festung agebonnen huet. Zu deem Zweck ass eng Befestegungsmauer gebaut ginn, déi de westlechen Deel vum Plateau ofgeschnidden huet. D'Mauer hat ufanks eng Héicht vun 9 Meter an eng Déckt vun 1,8 Meter. D'Tierm waren 12 Meter héich. D'Mauer war duerch e Gruef vun 12 Meter Breet an 8-10 Meter Déift um Plateau virun Ugrëffer geschützt. Op Héicht vun der Tréierer Strooss huet d'Mauer e Wénkel vun 90° gemaach. Op dësen Eck gouf d'Paart fir an d'Festung gebaut, déi sougenannt „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspaart“. D'Mauer ass dunn e puer Meter erof a Richtung Gronn gelaf, ier se dunn erëm am 90° Wénkel den Dall erof bei d'Uelzecht gefouert huet.[7]

Déi ganz Mauer ass um Rumm-Plateau duerch 6 Tierm an eng Paart verstäerkt ginn. D'Tierm waren alleguer ronn gebaut. D'Tréierer Paart war d'Haaptentrée vun där Säit aus fir an d'Festung ze kommen an huet aus engem véiereckegen Tuerm bestanen, deen direkt iwwer dem Duerchgang selwer louch. De Bau vun der Paart war néideg ginn, nodeem d'Kruedelspaart zougemaach gi war.

Franséischen Ugrëff vu 1443Änneren

1443 gouf d'Stad vu franséischen Truppen ënner dem Philippe III, genannt Le Bon, belagert. Als Suite vun der Belagerung gouf et wuel e Feier an der Tréierer Paart, wouduerch d'hëlze Biedem an d'hëlzen Trap zerstéiert goufen.[8]

Spuenesch BesatzungÄnneren

Ënner dem Androck vun de Spannungen tëscht Frankräich a Spuenien goufe vun der Garnisoun eng ganz Rei Moderniséierungen un de Festungsanlage virgeholl. Um Plateau vun der Rumm gouf d'Déckt vun der Mauer op 3-3,3 Meter opgestockt. Fir den Terrain besser z'iwwerblécke gouf de Wiergank ëm 2 Meter gehuewen.

Ëm 1550 goufen dunn d'Tierm modifizéiert. Den ënneschten Drëttel gouf opgefëllt, wahrscheinlech fir d'Stabilitéit ze verbesseren: gläichzäiteg goufen nämlech an den Tierm Emplacementer fir liicht Artillerie ageriicht. 1590 gouf déi éischt Tréierer Paart zougemauert, nodeem e bësse méi déif, besser geschützt, déi sougenannt 2. Tréierer Paart gebaut gi war. D'Tréierer Strooss gouf verluecht an et gouf eng Mauer gebaut déi laanscht dës Strooss gelaf ass a sou den Accès bei déi al Paart zougemaach huet.[9]

 
Déi fréier Tréierer Paart während Ausgruewungsaarbechten (Mäerz 2010).

Déi 2. Tréierer Paart huet de Volleksnumm vun der éischter matgeholl an ass och „Dënselspaart“ genannt ginn. Deen eckege Bau louch do, wou d'Mauer den zweete Wénkel gemaach huet fir an den Dall erof ze lafen. Haut steet op där Plaz eng ugedeit Paart a Form vun enger Stolkonstruktioun déi iwwer d'Strooss féiert.

Um Site vun den haitege Kasäre bestoungen zanter der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert „Baracken“, also Gebaier déi Zaldote vun der Garnisoun an hir Familljen opgeholl hunn. Déi goufe wahrscheinlech ëm 1671 gebaut, wéi och aner Kasären an der Festung, fir d'Zaldoten net méi bei Bierger vun der Stad ënnerbréngen ze mussen. Den 18. Mee 1672 notéiert e Paschtouer op alle Fall, datt d'Eltere vun engem Kand dat gedeeft gëtt op der Rumm a Baracke wunnen.[10] Déi goufe wahrscheinlech duerch d'Belagerung an de Bombardement vu 1684 komplett zerstéiert, soudatt d'Fransouse forcéiert waren nei Kasären ze bauen.

Belagerung vu 1684Änneren

1683 a 1684 waren zweemol franséisch Truppe virun der Festung. Déi éischt Kéier sinn d'Truppen no engem kuerzen, awer heftege Bombardement op Chrëschtdag 1683 erëm ofgezunn, ma 1684 gouf d'Stad zerguttst vun den Truppe vum Maréchal Créqui belagert. De Vauban, dee responsabel fir d'Belagerung war, huet aus 4 Richtungen ugräife gelooss. Eng vun dësen „Attaques“ war d'“Attaque du Cromte,“ déi vum Fetschenhaff ausgoung.[11] Den Numm vun dëser Attack koum wahrscheinlech vum Numm vum Stader Quartier „Gronn“, deen d'Zil vun der Attack war. De Bombardement huet den 10. Mee 1684 ugefaangen, andeems eng Bresch an d'Mauer tëscht dem éischten an dem zweeten Tuerm um Plateau nieft der aler Paart geschoss gouf. Bei dësem Bombardement goufen och d'Kroune vun den Tierm um Plateau zerstéiert. Déi al Paart gouf bei dësem Bombardement och uerg beschiedegt; Stécher aus där Zäit weisen eng grouss Bresch an der Mauer, déi iwwer déi iewescht Stäck geet. D'Attack sollt de Plateau ganz anhuelen, dann an de Gronn virstoussen an d'spuenesch Garnisoun vun hirem Zougank zur Uelzecht ofschneiden.

Den 20. Mee goufen zwou Minnen ënner der aler Mauer gesprengt, déi d'Bresch verbreederen an de Fransousen et erlaben am Stuerm d'Enceinte ze huelen. D'spuenesch Truppen zéie sech dorop hi bis an d'Redoute Beaumont zréck, déi se ënner dem Kommando vum Prënz vu Chimay bis zur Kapitulatioun den 3. Juni halen.

Baulech Verännerungen ënner dem VaubanÄnneren

 
D'Iwwerreschter vum Rumm-Ravelin iwwer der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Léck. Am Hannergrond d'mëttelalterlech Tierm, ganz lénks déi baussenzeg Eisebunnsbatterie.

Vum Summer 1684 u goufen d'Befestegungen um Rumm-Plateau erëm an hirer aler Form opgebaut. Dem Vauban no haten déi al, mëttelalterlech Maueren zwar den neie Belagerungstechniken näischt méi entgéint ze setzen, ma si hunn de Bléck op d'Stad verspaart a sinn dowéinst erhale bliwwen. Vu 1684 bis 1685 goufen um Plateau tëscht der Mauer an der Redoute Beaumont 4 Kasäre fir Mannschaften [12] an eng Kasär fir Offizéier an Ënneroffizéier gebaut [13], a virun der Mauer gouf e Ravelin ugeluecht. 1688 gouf virum Ravelin d'Redoute de la Bombarde, dat spéidert Fort Rumigny gebaut. Domat waren déi schwaach Befestegungen op dëser Plaz, déi et de Fransousen erlaabt haten an d'Enceinte anzedrénge bedeitend verstäerkt ginn.

No dëser Period, bis an dat 19. Joerhonnert goufen un de Befestegunge selwer keng gréisser Ännerunge méi virgeholl.

Ëmbau am 19. JoerhonnertÄnneren

1814 gouf op der Rumm e Pëtz a Betrib geholl deen haut nach besteet. 1842-1843 gouf de Pëtz vun de Preise mat enger Drockpompel equipéiert an et gouf e bommeséchert Gebai ronderëm gebaut. Gläichzäiteg gouf en 8-eckege Waassertuerm gebaut, deen nach haut besteet, grad wéi d'Wunneng vum Responsabele fir d'Pëtzer vun der Stad, der sou genannten „Arche Noah“, déi op de Fielsen iwwer dem Gronn läit.[14]

An den 1850er Jore sinn éischt Pläng opkomm fir d'Stad Lëtzebuerg mat engem Eisebunnsnetz u gréisser Stied am Ëmland unzebannen. Dëst ass zu enger grousser Erausfuerderung fir d'Festungsingénieurë ginn, déi net nëmmen Tracéë fir Eisebunnslinnen duerch déi verwénkelt Festungswierker hu misste bauen, ma och deenen hir Verdeedegung hu missten aplangen. Zwou vun dëse Linnen hu vun der Gare aus laanscht de Rumm-Plateau gefouert, déi op Tréier an déi op Léck. Vun der Gare aus sinn d'Gleiser a Richtung Nordosten laanscht déi südlech Flank vum Plateau gelaf, fir sech nieft dem Orth-Tuerm ze splécken. D'Lécker Linn ass dunn no Norden tëscht dem Rumm-Ravelin an dem Fort Rubamprez gelaf, d'Tréierer Linn no Nordosten laanscht d'Fort Rubamprez a Rumigny a Richtung Waasserbëlleg.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg

Fir noutfalls kënnen d'Approche iwwer déi zwou Eisebunnslinnen ze späre goufen 1860-1861 zwou Batterien op der Rumm ageriicht, déi bannenzeg Batterie op der rietser Flank vun der Rumm, direkt ënner der Mauer, fir d'Tréierer Linn ënner Feier ze huelen, an déi baussenzeg Batterie vis-à-vis vum Orth-Tuerm, wou d'Linn sech spléckt, fir béid Linnen ënner Feier ze huelen.[15][16] D'Redoute Beaumont, mëttlerweil als Rumm-Reduit bekannt, gouf 1862 als Polvermagaséng ëmgebaut.[17]

 
Rummbatterie vu wäit
 
Rummbatterie vun no

D'Situatioun fir d'Zaldoten an de Kasäre war nodeems d'Preisen d'Festung haten, katastrophal. Vill Kasären waren delabréiert,[18], soudatt si hu misste renovéiert an ausgebaut ginn. Ënner preisescher Besatzung gouf awer och de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sougenannt „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d'Gebai viru Bombardement schütze sollt.[19] D'Rumm war zu deem Zäitpunkt d'Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d'lëtzebuergescht Lidd "Et wor emol e Kanonéier".

SchleefungÄnneren

Nom Ofzuch vun de preiseschen Truppen nom Traité vu London 1867 ass de ganzen Areal an d'zivil Notzung iwwergaangen. D'Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg huet mat de Paarten ugefaangen, déi de Verkéier behënnert hunn – fir d'éischt goufen déi schwéier Dieren erausgeholl an d'Brécken demoléiert, an duerno d'Gebai selwer ofgerappt fir méi breede Stroosse Plaz ze maachen.[20] 1867 gouf sou déi 2. Tréierer Paart komplett ofgebrach, an den Débris gouf an den Hiwwel gehait fir de Gruef zouzemaachen. Sou konnt de Verkéier besser iwwer de Cents a Richtung Tréier lafen. Den Duerchgang vun der aler Tréierer Paart, dem Jakobstuerm, gouf erëm opgemaach fir e besseren Accès op de Plateau ze hunn.

Den 20. Oktober 1874 war mat der Demolitioun vum Wiergank an der Mauer tëscht den Tierm ugefaange ginn. D'Mauer tëscht de Rumm-Tierm gouf ofgedroen – domat gouf dunn och den Accès an d'Tierm zerstéiert. Gläichzäiteg sollt eng Parkanlag déi vum franséische Landschaftsarchitekt Édouard André entworf gi war ëm d'Tierm entstoen, deselwechten Architekt dee schonn d'Pläng fir den Huelen Zant an d'Parkanlagen op der Neipaartsfront entworf hat. Dës Pläng hu virgesinn, d'Tierm am Stil vum Huelen Zant als kënschtlech Ruinen z'erhalen.

Géint dës Pläng huet awer d'Société créée dans le but de la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché, oder och nach Société Archéologique (Institut Grand-Ducal), beim zoustännegen Generaldirekter vun den Travaux publics, Victor Thorn, intervenéiert. An engem Bréif vum 9. Abrëll 1882 schreift den Institut: „Au point de vue archéologique, ces démolitions sont souverainement regrettables.“, an datt: „Ces travaux ont soulevé des réclamations générales. Ils sont exécutés en vue d'embellir le paysage ; toutefois, même à ce point de vue, il est permis de différer absolument d'opinion avec l'administration.“ Den Institut war der Meenung, „[...] qu'il est de son devoir d'intercéder pour le maintien de ces constructions.“ Den 29. Abrëll schreift den Institut souguer „[qu'elle] proteste contre cet acte de vandalisme qui n'est justifié pour rien.

D'Demolitiounsaarbechte goufen doropshin op Uerder vum Generaldirekter direkt gestoppt, an d'Tierm sinn an deem Stadium an deem si dee Moment ware bestoe bliwwen, dat heescht, mat schonn zwéin no de Pläng vum André kënschtlech "ruinéierten" Tierm. Allerdéngs, anescht wéi vum Institut gefuerdert, goufen d'Tierm an d'Mauer net méi retabléiert, ma et blouf alles leie wou et dee Moment louch.[21]

De Reduit gouf am Wanter 1875/1875 geschleeft an den Débris leie gelooss. Eréischt 1940 gouf op där Säit vum Plateau déi elo nach bestoend, ma mëttlerweil erneiert, Promenad amenagéiert - e Projet dee vum Jean-Pierre Koltz mat geplangt gouf an 1940 duerchgefouert gouf.[22]

Amenagement vun engem Hospiz fir Weesen an eeler LeitÄnneren

Duerch d'Gesetz vum 28. Januar 1880 ass op der Rumm en Heem fir daf-stomm Kanner ageriicht ginn.[23] Dëst Heem sollt bis 1893 op dëser Plaz bestoen, ier et an d'Biedergaass transferéiert gouf. Et war awer en éischte Kär fir dat wat d'Rumm-Kasäre sollte ginn - en Hospiz fir déi Aarm, déi Al an déi Kanner déi keng Eltere méi haten.

Ufanks den 1880er Joren ass nämlech d'Situatioun am Zentralhospiz zu Ettelbréck, dat an der fréierer Artillerieskasär war, wéinst Iwwerbevëlkerung schwiereg ginn - et ass quasi onméiglech ginn, d'Populatioune vun den eelere Leit, déi vun de Kanner, déi vun de Kranken an déi vun den Obdachlosen auserneen ze halen, besonnesch well all Populatioun ganz bestëmmte Besoinen hat. Wéinst dem Risiko vun Iwwerbevëlkerung ass d'Weesenheem 1884 op d'Rumm geplënnert,[24] an zwar an d'preisesch Kasär an ee Gebai vun de Vauban-Kasären. 1893 ass d'Altersheem och op de Plateau transferéiert ginn. Béid Heemer goufe vun der Congregatioun vun de Schwëstere vun der Helleger Elisabeth betreit.[25] Ronderëm déi fréier Kasäre goufe Gäert ugeluecht, an deene Geméis an Uebst fir d'Heemer geziicht goufen, an et goufe souguer Kéi an Hénger gehalen. Schwéier Aarbechte goufe vu Prisonéier gemaach, déi mat enger arméierter Eskort aus dem Gronn eropbruecht goufen.[26] Och krank Prisonéier sinn op d'Rumm bruecht ginn, wann hiren Zoustand et net méi zougelooss huet am Prisong behandelt ze ginn.[27] Zu deem Zäipunkt gouf och déi al Dampkichen no an no als Kapell a Festsall ëmgebaut.[28]

Eréischt 1981 gouf d'Kannerheem op der Rumm opgeléist an op Schëffleng transferéiert. D'Altersheem ass ënner staatlecher Leedung bis 1999 bestoe bliwwen. Zanter deem ass de Centre intégré pour personnes âgées (CIPA) ënner der Verwaltung vum Ëffentlechen Etablissement SERVIOR. 1998 goufen 2 Bléck renovéiert an 2001 feierlech ageweit. Vun 2000 bis 2007 war d'Generaldirektioun vu SERVIOR och an de Gebaier ënnerbruecht.

2002 huet SERVIOR e Projet ausgeschriwwe fir de ganzen Areal ze moderniséieren. Betraff dovu si sämtlech Gebaier um Plateau. D'Aarbechten hunn 2010 ugefaangen, bis 2014 solle se ofgeschloss sinn.[29] No enger kompletter Entkärung vun allen ale Gebaier sollen e Festsall, en ënnerierdesche Parking an en Direktiounsgebai um fréiere Ravelin dobäi kommen. Datt sou vun der historescher Bausubstanz just nach d'baussenzecht Maure stoe gelooss ginn, gouf zwar kritiséiert, konnt awer net verhënnert ginn.[30]

Während den archeologeschen Ausgruewungen op der Plaz sinn e preisescht Polvermagaséng um Ravelin, e franséischt Polvermagaséng am Ravelin, d'Caponnière tëscht dem Ravelin an der Mauer, sou wéi eng Poterne an der Mauer fräigeluecht ginn. Déi sollen an d'Konstruktioun vun neie Gebaier mat abezu ginn a siichtbar fir Visiteure bleiwen.[31]

Touristeschen NotzenÄnneren

D'Rumm ass Deel vum "Wenzel Tour", engem Circuit vum Service des sites et monuments nationaux deen duerch verschidden Epoche vun der Festungsbaugeschicht féiert. Am Jakobstuerm ass eng audiovisuell Installatioun ënnerbruecht, déi d'Entwécklung vun de mëttelalterleche Befestegungen nozeechent.

Kuckt ochÄnneren

LiteraturÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. (fr) Vanérus, Jules. Le nom de lieu luxembourgeois Rham ou Rumm.
  2. Cf. Beck 1996 an der Literatur.
  3. De Jules Vanérus iwwersetzt den Numm op Franséisch mat "hauteur, élévation". Hie gëtt och nach eng Rei aner Explikatiounen, déi hien awer zum groussen Deel selwer verwäerft, a vun deenen dës déi plausibelst ass.
  4. (fr) Neyens, Michel. À propos du plateau du Rham. An: 1884-1994 - 110 Joer Kanner op der Rhum. S 34.
  5. Ibid. S 14.
  6. ibid. S 15.
  7. (de) Jacob Van Deventer. LVXEMBOVRG // LVTZENBVRGVM, / Ducatus eisudem nominis, vetus / et primaria Vrbs, in superi= / orem & inferiorem situ mira= / bili, vallibus, et praecipitijs / secatur. Castro quondam, et / Benedictorum coenobio Du= / cum oratorio, et sepulturae / nuncupato prestans. Köln: Georg Braun & Franz Hogenberg, 1581. An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Éditions Saint-Paul (1996).
  8. (fr) 1000 ans en 100 minutes. Éditions Saint-Paul (1995). S 71.
  9. Ibid. S 71ff.
  10. (fr) Thewes, Guy. Les casernes du Rham. S 4. An: Ons Stad 53 (1996). S 3-5.
  11. Atlas 149 de Finetti. Forteresse de Luxembourg en 1684.
  12. (fr) L'héritage culturel / Vauban à Luxembourg. Éditions Saint-Paul (2005). S 29ff.
  13. (fr) Thewes, Guy. Les casernes du Rham. An: Ons Stad 53 (1996). S 3-5.
  14. (de) Koltz, Jean-Pierre. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. Band 1: Von den Uranfängen bis 1876. Luxemburg: Victor Bück (1944). S 322.
  15. Ibid. S 301.
  16. (fr) Bruns, André. Luxembourg, forteresse de la Confédération Germanique, 1815-1866. Éditions Saint-Paul (2006). Säit 31/34.
  17. (de) Koltz, Jean-Pierre. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. Band 2: Beschreibung und Schleifung der Festungswerke. Lëtzebuerg: Victor Bück (1946). S 115.
  18. (fr) Id. Säit 43/46.
  19. (fr) Thewes, Guy. Les casernes du Rham. S 5. An: Ons Stad 53 (1996). S 3-5.
  20. (lb) Théato, Fernand. Déi urbanistesch Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg. FGFC (2005). S 19.
  21. (fr) Koltz, Jean-Pierre.La "Dent creuse" et les "Tours du Rham". S 143ff. An: Mélanges offerts à Joseph Goedert. Bibliothèque nationale de Luxembourg (1983). S 133-153.
  22. (de) Koltz, Jean-Pierre. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. Band 2: Beschreibung und Schleifung der Festungswerke. Lëtzebuerg: Victor Bück (1946). S 117-118.
  23. Loi du 28 janvier 1880 concernant la création d'un étbalissement pour l'instruction et l'éducation ds sourds-muets.
  24. D'Decisioun war den 20. Dezember 1882 schonn duerch d'Chamber gaangen.
  25. (fr) Neyens, Michel. L'oeuvre centenaire de la Congrégation des Soeurs de Ste Élisabeth au centre du Rham. An: 1884-1994 - 110 Joer Kanner op der Rhum. S 59-61.
  26. (fr) Fanny et Henri Beck. Le Rham, asile de jeunes. An: Ons Stad 53 (1996). S 6-9.
  27. Archives nationales du Luxembourg. Cote J43/44: Transfert de détenus à l'hospice du Rham. cf. Objet en particulier: Admission de détenus malades à l'hospice du Rham.
  28. (fr) 1000 ans en 100 minutes. Éditions Saint-Paul (1995). S 75.
  29. (fr) Portail des Marchés publics. Avis de préinformation. Transformation du "Centre du Rham": Construction, Rénovation, Modernisation.
  30. (de) Michel Pauly: "Adieu Vauban! Zur Bedeutung von Geschichte beim Denkmalschutz." In: forum 297 (Juni 2009), S. 22ff.
  31. (de) Zwank, Raphael. Modernes Seniorenheim mit Premium-Aussicht. www.wort.lu
  Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
 

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-Tuerm
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten a Schleisen
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-Schleis