Hëttermillen ass eng Uertschaft an der Gemeng Stadbriedemes direkt ënner Greiweldeng, wou d'Aalbaach an d'Musel leeft.

Hëttermillen
Hëttermillen
Aussprooch
An anere Sproochen de: Hüttermühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Gemeng Stadbriedemes
Buergermeeschter Robert Beissel
Awunner 85
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 35’ 13’’ N
      06° 22’ 22’’ O

Geschicht änneren

D'Hëttermille war eng Fruuchtmille mat engem Laf a gouf duerch d'Waasser vun der Aalbaach ugedriwwen, wat ongeféier 400 m iwwer der Mille geklauscht (=gesammelt) gouf, dofir de Flouernumm "An der Klaus".[1]

Den Numm krut d'Uertschaft well se tëscht de Flouerdeeler "Op der Hëtt" an "Hëtterbierg" läit, wou iwwer Joerhonnerter Kallek gebrannt gouf.

1929 gouf d'Hëttermillen duerch den "Neie Wee" laanscht d'Aalbaach mat Greiweldeng verbonnen. 1930 gouf de Millebetrib agestallt an d'Millegebaier ginn zanterhier fir Wunnzwecker benotzt.

Am Laf vun der Zäit ass eng kleng Uertschaft entstane mam Numm "Op der Hëttermillen". D'Hëttermille gëtt als Uertsdeel vu Greiweldeng ugesinn. Déi aner Säit vun der Musel läit déi däitsch Uertschaft Wehr.

Geographie änneren

Literatur änneren

  • Erpelding, Émile, 1989. Die Hüttermühle bei Greiveldingen. pp. 118–170 in: Greiweldéngen: Léiffrawëschdag 1989. Greiweldingen: Greiweldénger Leit.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Notten änneren

  1. D'Wuert Klaus gëtt ofgeleet vum franséischen écluse (de.: Schleuse).