Boulevard Franklin-D.-Roosevelt (Stad Lëtzebuerg)

Boulevard an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg

De Boulevard Franklin-D.-Roosevelt ass e Boulevard an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. E leeft vun der Neier Bréck bei der Bréisseler Plaz aus a Richtung Südosten, laanscht d'Gëlle Fra bis bei d'Al Bréck.

Boulevard Franklin-D.-Roosevelt
Lëtzeb. Numm Boulevard Roosevelt
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Deel vun Nationalstrooss 50
Postcode L-2450
Koordinaten 49°36'32,65"N, 6°7'51,89"O
Morphologie
Längt 650 m
Héicht i. M. 297 m
Geschicht
Genannt no Franklin D. Roosevelt

Geschicht änneren

De Boulevard gouf vum Staat an den 1870er Joren, nom Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg, op den ale Festungswierker vun de Bastioune Beck a Jost ugeluecht. De Gemengerot huet der Strooss den 21. Juli 1877 den Numm „Boulevard du Viaduc” ginn, als Referenz op d'Al Bréck (Viaduc). Den Numm gouf 1925 confirméiert[1].

Den 23. Abrëll 1945 gouf de Boulevard dunn ëmgenannt a krut den Numm vum 32. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika, Franklin D. Roosevelt (1882-1945), deen eng entscheedend Roll gespillt hat fir d'Victoire vun den Alliéierte géintiwwer Nazidäitschland. 1968 huet de Stater Schäfferot decidéiert, d'Stroosseschëld mam Text „Président des U.S.A. 1882 - 1945” ze komplettéieren[2].

Gebaier a Kuckeswäertes um Boulevard Roosevelt änneren

vun der Bréisseler Plaz a Richtung Al Bréck:

ongerued Säit änneren

gerued Säit änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Boulevard Franklin-D.-Roosevelt (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Boulevard du Viaduc op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 29. Mäerz 2020
  2. Boulevard Roosevelt op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 29. Mäerz 2020