7. Arrondissement vu Paräis

ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis


De 7. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement du Palais Bourbon ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. En ass wärend der Extensioun vun der Stad am Ufank vum 19. Joerhonnert entstanen.

7. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Saint-Thomas-d'Aquin,
École-Militaire,
Gros-Caillou,
Invalides
Buergermeeschter Rachida Dati
Awunner 47.947
Fläch 4,09 km²
Postcode 75007
INSEE-Code 75107
Koordinaten 48°51'33"N, 2°18'46"O

Mam Eiffeltuerm, dem Musée d'Orsay, dem Musée du quai Branly an dem Hôtel des Invalides ass den Arrondissement e beléift Zil fir d'Touristen. Mat enger Abberzuel vu Ministèren an der Assemblée nationale ass et - nom 8. Arrondissement - den zweetwichtegste politeschen Zentrum vun der Stad.

Zesumme mat dem 16. Arrondissement am Nordweste vun der Stad an dem Nobelquartier Neuilly-sur-Seine, zielt en zu den deierste Wunnvéierel vu ganz Frankräich.

Geographesch Lag änneren

De 7. Arrondissement läit direkt um lénksen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un de 6 Arrondissement a gëtt am Süden an am Oste vum 15. Arrondissement ëmginn. Op der aner Säit vum Floss leien (vu Westen a Richtung Osten) de 16., 8. an 1. Arrondissement.

Quartieren änneren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 25. Quartier Saint-Thomas-d'Aquin
  • 26. Quartier des Invalides
  • 27. Quartier de l'École Militaire
  • 28. Quartier du Gros-Caillou

Biller änneren

Kuckeswäertes änneren

Kleng Auswiel:

Um Spaweck änneren

Commons: 7. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren