Mare Moscoviense
Mare Moscoviense
Eegenschaften
Breetegrad 27,3° N
Längtegrad 147,9° E
Duerchmiesser 277 km
Selenographesch
Colongitude
212° bei Sonnenopgank
Numm kënnt vu Moskau

D'Mare Moscoviense (Lat. „Moskauer Mier“) ass eng markant, donkel Dält matzen an der bockeleger Moundrécksäit. Si ass nieft dem Mare Ingenii dat eenzegt Moundmier op där Äerdmoundsäit an huet en Duerchmiesser vu ronn 350 km.

Entdeckung änneren

D'Mare - deemools Mare Moskwa genannt, gouf als donkelen Objet op Biller vun der sowjetescher Moundsond Luna 3 entdeckt, déi am Joer 1959 fir d'éischt Biller vun der Moundrécksäit op d'Äerd gefunkt huet. D'Mier gouf no der russescher Haaptstad Moskau genannt. Déi international Schreifweis ass laténgesch, wéi fir all d'Strukturen um Äerdmound.

Genesis änneren

D'Moskauer Mier ass ongeféier sou grouss wéi d'Mare Humorum oder d'Nectaris op der viischter Säit vun eisem Trabant, huet awer am Géigesaz zu dësen keng mierklech Schwéiereanomalie am Ënnergrond, d. h. keng Mascon an der déiwer Moundkuuscht resp. am dorënner leiende Mantelgesteng. Wéi d'Moundmierer op der visueller Moundsäit däerft och dësen Aschlag duerch e groussen Asteroid entstane sinn. Opgrond vun den opfälleg donkeler Buedemfierwung gëtt ugeholl, datt de Mare Moscoviense genee wéi de Moundkrater Tsiolkovskiy méi jonk ass wéi déi grouss Maria op der äerdzougedréiter Säit.

Ëmgéigend änneren

D'Mare Moscoviense läit an engem Héichchland mat ville Krateren. Ronderëm d'Mare leie Reschter vu kreesfërmege Biergréng, déi beim Impakt entstane sinn. Am Zentrum leie relativ wéineg nei Krateren, wat sech mat der Theorie vun engem jonken Alters deckt. Déi gréisst Kratere sinn de Komarov am Südosten an den Titov am Norden. Déi eegenaarteg Lag vum donkele Mare Moskwa matzen an engem hellen, kraterbedeckten Héichland fält op neie Fotoen ëmsou méi op, well nëmmen 200 km südlech eng bal gläichgrouss Struktur ass, de Risekrater Mendeleev, a süd- resp. westlech dovun de Gagarin an de Korolev. Si hu keng donkel Lava-Uewerfläch, hunn awer Mascon am Ënnergrond. Geologesch resp. selenographesch Famill sinn awer den Apollo- an den Hertzsprung-Baseng.

Schwéierfeld änneren

 
Gravitatiounsanomalië vun der Moundrécksäit. De Mare Moscoviense ass dat gielgefëllte blot Quadrat (klengst Gravitatioun) lénks iwwer der Bildmëtt

D'Moskauer Mier ass ongeféier sou grouss wéi d'Mare Humorum op der viischter Säit an huet änlech, awer méi kleng Gravitatiounanomalien: an der Mëtt liicht positiv, an engem Gebitt mat staark negativen Anomalien. Ofgesi vun der Lavafëllung gläicht dat Gravitatiousbild deem vun 3 Risekrater vun der Mondrécksäit, virun allem de ronnen Aschlagbaseng Hertzsprung op der rietser Bildhalschent.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. Die große Enzyklopädie der Weltraumforschung. In 2 Bänden. Herder, Freiburg - Basel - Wien 1989f. ISBN 3-451-21632-9
  • Antonín Rükl: Mondatlas. Werner Dausien, Hanau 1990. ISBN 3-7684-2047-7
  • Taschenatlas Mars-Mond-Venus, Dausien-Verlag, Hanau 1977

Um Spaweck änneren