Gemeng Biissen
D'Gemeng Biissen läit am Kanton Miersch an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Biissen vun där se och hiren Numm huet.
Biissen | |
---|---|
![]() | |
![]() D'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bissen de: Bissen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Buergermeeschter | David Viaggi |
Awunner | 3.216 (1 Januar 2020) |
Fläch | 2.075 ha |
Koordinaten |
49° 47’ 21’’ N 06° 03’ 49’’ O |
Websäit | http://www.bissen.lu |
D'Gemeng Biissen (orange) am Kanton Miersch (rout) | |
Uertschaften an der GemengÄnneren
D'Gemeng Biissen besteet aus den Uertschafte Biissen, a Rouscht.
Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
GeographieÄnneren
D'Gemeng Biissen läit am Atertdall tëscht de Gemenge Colmer-Bierg, Béiwen, Miersch a Viichten. Se huet eng Fläch vun 2.075 ha, dovu si 550 ha Bësch.
GeschichtÄnneren
Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm « Bisiceromarkun »[1] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
WopenÄnneren
Beschreiwung am Originaltext:
Burelé d'argent et sable de dix pièces.
De Wope gouf den 21. Dezember 1981 vum Gemengerot ugeholl, an duerch en Arrêté ministériel de 26. Juli 1982 agreéiert. D'Publikatioun war am Mémorial B vun 1982 op der Säit 775.
D'Gemeng hat de Wope schonn en etlech Joer inoffiziell gefouert, bis 1981 d'Adoptioun vun der Commission héraldique proposéiert gouf.
De Wope vu Biissen ass ofgeleet vun deem vun de fréieren Häre vu Biissen (burelé d'argent et de gueules), deen deem vun deene vun Esch - Sauer gläicht, well si Nokomme vun där Famill waren.
PolitikÄnneren
Bei de Gemengewale gouf, bis 2011 nach mat, nom Majorzsystem gewielt. Zanter 2017 gëllt de Proporzsystem.[2]
ZesummesetzungÄnneren
Joer | Är Leit | CSV |
---|---|---|
2017 | 5 | 6 |
Quell: elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
- 1800 - 1815: Jean-Nicolas Knepper;
- 1815 - 1830: Nicolas Billig;
- 1830 - 1836: Antoine Pastoret;
- 1836 - 1843: Jean-Nicolas Brosius;
- 1844 - 1848: Jean-Nicolas Faber;[3]
- 1848 - 1858: Nicolas Engel;
- 1859 - 1861: Pierre Souvignier;
- 1861 - 1866: Nicolas Engel;
- 1867 - 1869: Jean-Pierre Knepper;
- 1870 - 1881: Georges Glaesener;
- 1882 - 1908: Jean Souvignier;
- 1908 - 1910: Emile Souvignier;
- 1910 - 1940: Nicolas Sinner;
- 1940 - 1957: Jean Engel;
- 1958 - 1963: Charles Stoffel;
- 1964 - 1981: Joseph Wietor, Privatbeamten;
- 1982 - 1984: Guillaume Feith, Proprietär;
- 1985 - 1987: Mathias Schmitz, Gewerkschaftler;
- 1988 - 1999: Ernest Wendel, Privatbeamten;
- 1999 - 2000: Roger Schmit, Staatsemployé;
- 2000 - 2001: Arlette Weber ép. Schmit, Staatsbeamtin;
- 2001 - 2005: Camille Petry, Entreprener;
- 2005 - 2011: Aloyse Bauer, Elektrikermeeschter;
- 2011 - 2019: Jos Schummer, Privatbeamten;
- zanter 2019: David Viaggi, Verwaltungschef
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Biissen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Bekannt Leit aus der GemengÄnneren
- Fränz Dasbourg, Moler
- Carlo Hommel, Doumorganist
- Charles-Frédéric Mersch, Staatsrot
- Aloyse Raths, Resistenzler
- Michel Stoffel, Moler
- Raphaël Stacchiotti, Schwëmmer
KuckeswäertesÄnneren
- Um Wobierg: d'Rochuskapell, d'Kräizstatioun an déi zwee bemierkenswäert Beem virun der Kapell
- Uergel an der Parkierch vu Biissen, gebaut 1891 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid, zanter Dezember 2001 op der Lëscht vun de Monuments classés
- Beckius-Fresken am Chouer vun der Parkierch vu Biissen, zanter September 1987 op der Lëscht vun de Monuments classés
- d'Biisser Millen
- d'Graf vum Monseigneur Jacques Mangers um Biisser Kierfecht
LiteraturÄnneren
- Victor Kalmes (ënner der Mataarbecht vum Jos Schummer an dem Arnold Weber), 2001. Bissen seit eh und je. Band 1 (525 S.) an 2 (? S.). Erausgi vun der Gemengeverwaltung Biissen. Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ An net « Basiccromannum », eng feelerhaft Transkriptioun duerch de Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie, déi leider reegelméisseg ze fannen ass. De Feeler gouf 1929 vum Jules Vannérus publizéiert: Le Chevalier l'Evêque de la Basse-Mouturie et son itinéraire du Luxembourg Germanique. 15 p. Cahiers luxembourgeois. Bourg-Bourger, Luxembourg.
- ↑ "Vu Majorz- op Proporzsystem: Biissen." rtl.lu, 06.10.2017, 07:32:38.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844