Monument Raymond Petit Bäerdref

D'Monument fir de Raymond Petit ass e Gedenksteen un de Raymond Petit, e jonke Resitenzler vu Bäerdref.

Monument Raymond Petit Bäerdref
Typ Gedenksteen
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bäerdref
Plaz Bäerdref
Koordinaten 49°49'12,76"N, 6°20'53,59"O
Ageweit 13. Oktober 2008
Héicht 1 m
Material Sandsteen
Zu Éiere vun Raymond Petit

Et ass e Block aus Lëtzebuerger Sandsteen vu ronn engem Meter Héicht, op deem eng Plack ubruecht gouf, op där steet:

Am Kampf géint den Okkupant
huet de
Raymond Petit
den 21. Abrëll 1942
am jonken Alter vun 22 Joer
zu Bäertref säi Liewe geaffert
fir seng Komeroden
an d'Lëtzebuerger Land
Bäertref den 13.10.2008

D'Monument, dat an der Raymond-Petit-Strooss steet, gouf den 13. Oktober 2008 ageweit.

Kuckt och änneren