Biissen

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Biissen

Biissen ass eng Uertschaft am Zentrum vu Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm am Kanton Miersch.

Biissen
Biissen vum Wobierg aus gesinn (2008)
An anere Sproochen fr: Bissen
de: Bissen
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Biissen
Buergermeeschter David Viaggi
Awunner 3.405
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 47’ 21’’ N
      06° 03’ 49’’ O

Hydrographie änneren

D'Uertschaft läit am Atertdall, an um Territoire vun der Uertschaft hunn d'Bussbaach an d'Helmeschbaach hir Quell.

Geschicht änneren

Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm "Bisiceromarkun"[1] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.

Bevëlkerung änneren

Datum Awunner Datum Awunner Datum Awunner Datum Awunner
01.01.2000 2.538 01.01.2001 2.597 01.01.2002 2.593 01.01.2003 2.581
01.01.2004 2.596 01.01.2005 2.602 01.01.2006 2.616 01.01.2007 2.737
01.01.2008 2.778 01.01.2009 2.805 01.01.2010 2.871 01.01.2011 2.874
01.01.2012 2.879

Bekannt Leit vu Biissen änneren

Kuckeswäertes änneren

 
D'Bisser Millen, d'Atert an de Milleweier.

Literatur änneren

  • Victor Kalmes (ënner der Mataarbecht vum Jos Schummer an dem Arnold Weber), Bissen seit eh und je. Band 1 (2001) (525 S.) an 2 (2002) (567 S.). Erausgi vun der Gemengeverwaltung Biissen. Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. An net « Basiccromannum », eng feelerhaft Transkriptioun vum Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie (Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché, Luxembourg 1844, S. 377), déi leider reegelméisseg ze fannen ass. De Feeler gouf 1929 vum Jules Vannérus publizéiert: Le Chevalier l'Evêque de la Basse-Mouturie et son itinéraire du Luxembourg Germanique. 15 p. Cahiers luxembourgeois. Bourg-Bourger, Luxembourg.