Azoren
Azoren | |
---|---|
![]() | |
Geographie | |
Land | ![]() |
Läit an/am | Nordatlantik |
Koordinaten: | 38° 30’ 00’’ N 28° 00’ 00’’ W |
Fläch | 2 333 km² |
Verwaltung | |
Statut | Autonom Regioun |
Demographie | |
Awunnerzuel | 250 018 (2014) |
D'Azoren (Portugisesch Ilhas dos Açores ("Huersinselen")) ass eng Grupp vun néng méi groussen an enger Rëtsch klenge portugiseschen Atlantikinselen, 1369 km westlech vum europäesche Festland (Cabo da Roca). Bis an Nordamerika (Newfoundland a Kanada) sinn et 1930 km. D'Inselen hunn zesummen eng Fläch vun 2 330 Quadratkilometer (eppes Klengs manner wéi Lëtzebuerg). São Miguel ass d'Haaptinsel.
D'Azore sinn administrativ eng autonom Regioun vu Portugal, d'Região Autónoma dos Açores, an domat en Deel vun der Europäescher Unioun. Ronn 250.000 Leit wunnen do. Geologesch gehéiere se zum Mëttelatlantesche Réck, op der Plackegrenz tëscht der Europäescher an der Afrikanescher Kontinentalplack. Déi westlechst Insele Flores a Corvo gehéieren zu der Nordamerikanescher Plack.
InselenÄnneren
Déi 9 gréisst Insele ginn an dräi Gruppe gedeelt:
- Grupo Ocidental (nordwestlech Grupp): Corvo a Flores.
- Grupo Central (zentral Grupp): Faial mat der Inselhaaptstad Horta, Pico, São Jorge, Graciosa an Terceira.
- Grupo Oriental (südëstlech Grupp): Santa Maria, d'Formigas, eng onbewunnt Inselgrupp, a São Miguel, déi gréisst Insel, där hir Haaptstad Ponta Delgada och d'Haaptstad vum ganzen Archipel ass.
De Vulkan Ponta do Pico op der Insel Pico ass mat 2.351 m den héchste Bierg vu Portugal.
Alleguer d'Insele hu vulkanesch Originnen.
NaturÄnneren
Wéinst hirer isoléierter Lag gëtt et op den Azoren eng 70 endemesch Planzenaarten . Wéinst dem fiichte Klima gëtt et eng üppeg Vegetatioun
GeschichtÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
AdministratiounÄnneren
D'Região Autónoma dos Açores, ass an 19 Circonscriptiounen (municípios) opgedeelt:
EkonomieÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Um SpaweckÄnneren
Commons: Azoren – Biller, Videoen oder Audiodateien |