De Wénkelduerchmiesser vun engem Objet ass de Wénkel, ënner deem en Observateur den Objet gesäit.

Skizz: Wénkelduerchmiesser

D'Bild riets verdäitlecht den Zesummenhang tëscht dem Wénkelduerchmiesser α, Distanz r an der richteger Gréisst g vun engem Objet. Et léisst sech doraus follgend Bezéiung tëscht den dräi Gréissten ofleeden:

An der Geodesie ka mat engem Objet deen eng genormt Gréisst g huet, beispillsweis eng vertikal opgestallte Lat, aus dem Wénkelduerchmiesser α d'Distanz r berechent ginn:

Ënnerscheed bei de berechenten Ausdeenungen g, g' an g" vun engem onreegelméissegen Objet ofhängeg vun den Distanzen r, r' und r"

An der Astronomie ka bei bekanntem Ofstand r (kuckt Distanzbestëmmung) vun engem Objet deem seng ongeféier richteg Ausdeenung g berechent ginn:

E Problem dobäi ass, datt astronomesch Himmelskierper wéi z. B. diffus Niwwel heefeg onreegelméisseg Formen hunn oder wéi bei de Galaxië meeschtens eng Schréit hunn. Dofir kritt ee wann ee verschidde Methode fir d'Distanzsmiessung gebraucht, méiglecherweis ënnerschiddlech Distanzen r. Doraus ergi sech an der Berechnung beim selwechte Wénkelduerchmiesser α liicht ënnerschiddlech Ausdeenungen g. Wéinst de risegen Distanze spillt dat an der Praxis allerdéngs nëmmen eng kleng Roll. Bei Observatioune vun Objeten a kosmeschen Distanzen, gëtt den uewen duergestallten Zesummenhank tëscht Wénkelduerchmiesser, Ausdeenung an Distanz vun engem Objet och nach duerch d'Raumkrëmmung substantiell erschwéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie