Moutarderie de Luxembourg

D'Moutarderie de Luxembourg ass eng lëtzebuergesch Moschterfabrick. An den 1990er Jore koum och nach eng Mayonnaiseproduktioun dobäi. D'Firma an der Aktivitéitszon Syrdall zu Mënsbech ass déi gréisst am Land an hirem Segment.[1] Si dréit de Label Made in Luxembourg.

Moutarderie de Luxembourg
Typ Société à responsabilité limitée
Grënnungsdatum 1922
Sëtz 21, Rue Gabriel Lippmann
Parc d'Activités Syrdall 3
L-5365 Mënsbech
Lëtzebuerg
Produit Moschter a Mayonnaise
Homepage www.moutarderie.lu
Al Transportkëschten op der Muerbelsmillen.

Geschicht änneren

Vun 1922 u goufen an der Pafendaller Muerbelsmille Moschterkäre gemuelen an duerno no engem Elsässer Rezept verschafft.

1976 huet d'Famill Munhowen de Betrib iwwerholl[1], déi selwer zanter 1950 mat der Moschterzort Moutarde Royale um Maart war, a sou d'Produktioun ënner dem Traditiounsnumm praktesch verduebele konnt. Et goufen du bis zu 450 Tonne Moschter am Joer produzéiert[2]. 1986 huet déi e puer Joerhonnerten al Muerbelsmillen hir Diere missen zoumaachen, well hir Produktiounsanlagen net méi der Zäit entsprach hunn. Weider goung et dunn um Houwald, wou eng fuschnei Fabrick gebaut gouf.

Wéi et Enn Dezember 1999 zu enger Restrukturatioun vum Grupp Munhowen koum, huet Munhowen Distribution S.A. eng nei Gesellschaft mat begrenzter Haftung Moutarderie de Luxembourg gegrënnt, där hire Gerant de Roland Munhowen gouf. Hie leet 2013 nach de Familljebetrib, deen nieft sengem Bouf Yann a sengem Schwéierpapp Jeannot Reinhard (als Produktiounschef) nach op dräi aner Employéen ziele kann.

D'Gebai vun der Firma an der Aktivitéitszon Syrdall zu Mënsbech wou d'Moschterfabrick 2008 geplënnert ass, huet eng Produktiounsfläch vun 1.300 m2.[1] Ronn 1/3 vun där Fläch gëtt fir d'Produktioun vu Moschter gebraucht.

Produktioun änneren

De Moschter gëtt ënner dem Numm Moutarde de Luxembourg verkaaft. D'Moschterkäre ginn zum gréissten Deel aus Kanada importéiert, nëmmen 1,5 % dovu kommen aus Lëtzebuerg, fir d'Produktioun vu Biomoschter.[1]

Am Joer gi ronn 250 Tonne Moschter a véier Varietéite produzéiert: forte, mi-forte (90 % vun der Produktioun), à l'ancienne (eng käreg Varietéit) a Biomoschter.[1]

Och un d'Mayonnaise hu se sech gewot, a sou ass no engem laange Sondage vum Marché 1991 d'Produktioun vun enger Eeër-Zitroune-Mayonnaise ugelaf, déi 1998 vun enger Mayonnaise à l'ancienne komplettéiert gouf. An der Mëtt vun den 2010er Joren koumen och Ketchup a Sauce Andalouse an d'Sortiment derbäi.[3]

D'Produktioun vu Mayonnaise läit bei 40 Tonne pro Joer, mat engem Maartundeel zu Lëtzebuerg vun 3 %.[1]

Zu Lëtzebuerg huet d'Entreprise e Maartundeel vu 60-70 %[1], woubäi den Ourdall-Moschter an déi belsch Mayonnaise Calvé seng direkt Konkurrente sinn. Am Ausland huet et d'Moutarderie de Luxembourg dogéint virun allem wéinst den anere Goûte vun den Nopere méi schwéier. Trotzdeem sinn d'Lëtzebuerger Produkter och an de grousse Supermarchéen am Grenzgebitt ze fannen. Hei spillt besonnesch hire gudde Ruff wéinst Null Konservéierungsstoffer, en Atout deen d'Konkurrenz net Opweises huet.

Literatur änneren

  • Raizer, T., 2013. Roland Munhowen. Directeur. Moutarderie de Luxembourg. paperJam, février 2013: 11-12.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 paperJam 2013
  2. Brochure Muerbelsmillen - Al Moschterfabrick - Ancienne Moutarderie (FR, DE) Stad Lëtzebuerg, September 2017
  3. Cf. Websäit vun der Firma, gekuckt 2015-07-22.