Nidderkäerjeng

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Käerjeng

Nidderkäerjeng ass den Haaptuert vun der Gemeng Käerjeng, am Kanton Capellen. Et war bis Enn 2011 den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Nidderkäerjeng.

Nidderkäerjeng
Vue aus dem Fliger op Nidderkäerjeng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bascharage
de: Niederkerschen
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerjeng
Buergermeeschter Michel Wolter (CSV)
Awunner 5.955
  1. Januar 2023
Fläch 855,1179 ha[1]
Héicht 285 m
Koordinaten 49° 34’ 00’’ N
      05° 54’ 37’’ O
Websäit http://www.bascharage.lu

Geographie

änneren

Nidderkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Kuer, eng vun deene wéinege lëtzebuergesche Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert, fléisst durch Nidderkäerjeng. No beim Rond-Point vun der Biff fléisst d'Mierbaach an d'Kuer.

Geschicht

änneren

An der Zäit vum franséische Regime d. h. vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Käerjeng Haaptuert vun engem franséische Kanton am Département des Forêts.

D'Geschicht vun der Uertschaft ass enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie verwuerzelt. Grad wéi déi aner Gemengen an Uertschaften aus dem Süden huet och Nidderkäerjeng d'Rezessioun am Stolsekteur ze spire kritt, net zulescht wëll vill Awunner op der Schmelz hiert Brout verdéngt hunn.

No dëser Kris huet Nidderkäerjeng sech op industriellem Plang weiderentwéckelt an eng Rei grouss Betriber wéi d'General Motors, d'Luxguard oder nach d'TDK hu sech do néiergelooss.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich koum et zu Käerjeng zu Reiwereien tëscht der Wehrmacht a franséischen Truppen. Dobäi hunn den 10. Mee 1940 néng Spahisen aus dem Generol P. Jouffrault senger 1. Spahis-Brigade hiert d'Liewe gelooss. Eng Plack op engem Stee bei der Parkplaz vun der Käerjenger Gare erënnert dorun.

Den 9. August 2019 ass en Tornado duerch Nidderkäerjeng gezunn, dee vill Schued ugeriicht huet.

Perséinlechkeete vun Nidderkäerjeng

änneren

Ee vun de bekanntsten Nidderkäerjenger war de Sculpteur Claus Cito deen zu Lëtzebuerg haaptsächlech wéinst der Gëlle Fra bekannt ass.

Kuckeswäertes

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Nidderkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.