Mannheim

Stad a Baden-Württemberg, Däitschland


Mannheim ass eng däitsch Industrie-, Handels- an Universitéitsstad am äussersten Nordweste vu Baden-Württemberg.

Mannheim
Wappen Mannheim.svg
Mannheim.jpg
Vue op Mannheim
Land Däitschland
Bundesland Baden-Württemberg
Regierungsbezierk Karlsruhe
Krees Stadkrees
Buergermeeschter Ludwig Ratzel
Awunner 311.831 (31 Dezember 2021)
Fläch 144.96
Héicht 97
Koordinaten 49°29'16"N, 8°27'58"O
Telefonszon 0621
Postcode 68159
Websäit https://www.mannheim.de/
Jumelage mat Swansea, Toulon, Windsor, Chișinău, Klaipėda, Haifa, Czernowitz
Baden-Württemberg MA.svg

GeschichtÄnneren

1929 gouf zu Mannheim en Uewen entdeckt, deen tëscht dem Joer 74 n. Chr. bis an dat fréit 2. Joerhonnert a Betrib war. En Duerf mam Numm Mannenheim dogéint ass am Joer 766 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt ginn.

Am Zweete Weltkrich ass d'Stad duerch Loftattacke bal komplett zerstéiert ginn. 1945 ass se vun amerikaneschen Truppe besat ginn.

GeographieÄnneren

Mannheim läit um Zesummefloss vum Neckar an de Rhäin an huet ëm déi 300.000 Awunner, dovun iwwer 20% Auslänner. Op der anerer Säit vum Rhäin läit hir rheinland-pfälzesch Schwësterstad Ludwigshafen. Och vun Heidelberg ass Mannheim nëmmen e puer Kilometer ewech.

WirtschaftÄnneren

Mannheim ass de Produktiounssite vun enger Rei grousser Betriber, wéi Daimler (Motoren), EvoBus (Busser), ABB (Elektrotechnik), Alstom (Energie), John Deere (Landwirtschaftsmaschinnen), Roche (Pharma-Entreprise).

SportÄnneren

Déi bekanntst Sportsclibb sinn d'Adler Mannheim (Äishockey), d'Rhein-Neckar Löwen (Handball) an de VfR Mannheim (Foussball).

Kultur a KuckenswäertesÄnneren

 
D'Mannheimer Kunsthalle

Bekannt kulturell Institutiounen zu Mannheim sinn den Nationaltheater Mannheim an d'Kunsthalle Mannheim. Donieft gëtt et och e grousst Schlass.

Mannheim läit op der Burgenstraße[1] an ass d'Start- an Ziluertschaft vun der Bertha Benz Memorial Route[2] an der Straße der Demokratie[3].

Perséinnlechkeeten aus MannheimÄnneren

Zu de bekannte Mannheimer zielen de Poet Friedrich Schiller, den Ingenieur Carl Benz an de Sänger Xavier Naidoo.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Mannheim – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Burgenstraße
  2. Bertha Benz Memorial Route
  3. Straße der Demokratie