D'Organisatioun Todt (OT) War eng nationalsozialistesch Grupp déi am Beräich vum Genie civil a militaire vun 1938 bis zum Enn vum Zweete Weltkrich aktiv war.

E Beispill vun den Aarbechte vun der Organisatioun Todt: D'U-Bootbunkere vu Saint-Nazaire.
D'Entrée vum Bunker Besseringen um Westwall

Si hat den Numm vun hirem Chef dem Fritz Todt a gouf besonnesch bekannt wéinst dem Ausbau vum Westwall, den U-Bootbunkeren op der franséischer Küst souwéi de Bau vum Atlantikwall.