Antoine Pescatore

Fabrikant, Buergermeeschter
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Constantin-Joseph-Antoine Pescatore, genannt Antoine Pescatore, gebuer de 16. Dezember 1787 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen den 31. Oktober 1858 um Scheedhaff[2], deemools an der Gemeng Sandweiler), war e Fabrikant.

Antoine Pescatore
Gebuertsnumm Constantin Joseph Antoine Pescatore
Gebuer 16. Dezember 1787
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Oktober 1858
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Famill
Papp Dominique Pescatore
Geschwëster Jean-Pierre Pescatore, Guillaume Pescatore, Ferdinand Pescatore
Kanner Pierre-Antoine Pescatore

Hie war vun 1817 bis 1820 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.[3]

Vun 1842 bis 1848 war hie Member vun der Assemblée des États[4] a vun 1854 bis 1856 Deputéierten an der Chamber[5].

1845 war hie Grënnungsmember vun der Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg.

Den Antoine Pescatore gouf 1813 zu Gréiwemaacher mat der Marie Anne Beving bestuet; si hate 4 Kanner:

Referenzen änneren

  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 2, S. 463 BNL
  2. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 2, S. 472 BNL
  3. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 2, S. 466 BNL
  4. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 524
  5. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 525
  6. Généalogie de Yvon CORFA op geneanet.org (fir d'lescht gekuckt de 26. Dezember 2014)
Virgänger:
François Scheffer
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1817 - 1820
Nofollger:
François Scheffer