Nationalstrooss 1

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 1 oder N1, och Tréierer Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg a Gréiwemaacher, déi vun der Stad Lëtzebuerg op Waasserbëlleg féiert, a vun do weider iwwer déi däitsch Bundesstrooss B49 op Tréier.

Nationalstrooss 1
D'N1 op der Banzelt
Tréierer Strooss
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 53
Koordinaten 49°36'45,58"N, 6°8'0,10"O
Enn Waasserbëlleg,
Bundesstrooss 49
Koordinaten 49°42'51,66"N, 6°30'22,79"O
Duerch Lëtzebuerg, Nidderaanwen, Sandweiler, Betzder, Biwer, Gréiwemaacher, Mäertert
Opgaangen 1843
Längt 27 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 1
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg N 53
   Boulevard Victor Thorn 
Sigfridstrooss
Chemin de la Corniche
Clausen N 1A
CR 218
Neiduerf CR 232
CR 232D
Kalchesbréck N 1C
Findel N 1A
Route de Héienhaff, Golf
Fluchhafen
Sennengerbierg A 1
CR 126
Senneng CR 127
      = Rue du Château
CR 127
      = Rue du Château (r)
      = Chaussée St. Martin (l)
Nidderaanwen CR 132
      = Rue Laach
Bouneschbaach
CR 132
      = Rue de Münsbach
Rued-Sir CR 187
      = Rue Rouduecht
CR 134
      = Rue Haupeschhaff (r)
CR 134
      = Rue d'Olingen (l)
CR 134A
      = Rue de la Gare (l)
CFL-Linn 3
Sir
Banzelt CR 122
Bierg CR 145
      = Rue de la Grotte (l)
CR 145
      = Um Wäschbuer (r)
Wecker Gronn Fluessweiler Baach
N 14
Millebaach
Potaschbierg CR 142
      = Rue de Flaxweiler
A 1
Gehaansflor Gehaansbaach
CR 143
Gréiwemaacher CR 140
      = Rue Kummert
CR 139
      = Rue de Wecker
Rouderbaach
CR 137
      = Rue Ste Catherine
N 10
Leiteschbaach
Lafbaach
Sirbierg Brëtell A 1
Mäertert Sir
CR 134C
CFL-Linn 3
CR 134
      = Rue de Wecker (l)
CR 141A
      = Rue de Mompach (l)

       CR 134
      = Rue J-P Beckius (r)

Wasserbëlleg N 10
CR 134
      = Rue des Ponts (r)
Sauer
Däitschland B 49

Si geet beim Gebai vum Staatsrot – wou se Uschloss un d'N53 huet – fort a leeft iwwert d'Schlassbréck, de Clausener Bierg erof, duerch Clausen an d'Neiduerf erop op de Findel.

Um Sennengerbierg féiert se iwwert d'Autobunn A1 weider op Senneng, dann op Nidderaanwen, an dann iwwer Rued-Sir, Banzelt a Bierg an de Wecker Gronn. Am Wecker Gronn op der Kräizung mat der N14, dréint se an enger laanggezunner Rietskéier op de Potaschbierg zou. Um Potaschbierg leeft se dann ënner der A1/E44 erduerch, an da virun iwwert Gréiwemaacher a Mäertert op Waasserbëlleg, wou se iwwert d'Sauerbréck an Däitschland féiert.

Vu Gréiwemaacher bis op Waasserbëlleg leeft d'N10 iwwer d'N1.

D'N1 huet d'Partikularitéit datt se op e puer Deeler iwwert verschidde fréier Kieme leeft, dorënner dee vu Lëtzebuerg op Tréier (Augusta Treverorum) an dee vu Bavay (Bagacum Nerviorum) op Tréier.

Entwécklung vun der N1

änneren
  • D'Strooss Lëtzebuerg - Waasserbëlleg besteet zanter 1843. Se gouf deemools als „Tréierer Strooss“ bezeechent an huet déi belsch Grande route de première classe Nr 3 ersat, déi vu Bréissel op Tréier gelaf ass;
  • 1850-1854: de Bau vun enger Strooss duerch d'Neiduerf leet de Laf vun der Strooss, déi iwwert de sougenannte Stater Pad leeft, fest. Se leeft deelweis iwwert den ale Vizinalwee 15 Eech - Kalchesbréck[1][2][3];
  • 1907-1909: Bau vun der Sauerbréck zu Waasserbëlleg[4];
  • 1916: Bau vun enger neier Bréck a Rekonstruktioun vun der aler Uelzechtbréck a Clausen[5];
  • An den 1960er Jore gouf de Laf vun der N1 an der Duerchfaart vu Gréiwemaacher ugepasst;
  • Mam Bau vum Mäerterter Hafen an den 1960er Jore gouf och do de Laf vun der Strooss verännert;
  • Enn vun den 1990er / uganks vun den 2000er Jore gouf de Verdeeler op der Héicht vum Fluchhafen duerch eng Kräizung mat Verkéiersluuchten ersat.

Kuckeswäertes

änneren

Zu Nidderaanwen ass d'Käschtebamallee laanscht d'N1 op hirer ganzer Längt, zanter dem 8. Abrëll 1966 als nationaalt Monument klasséiert.

Um Spaweck

änneren
Commons: Nationalstrooss 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 16 septembre 1850 décrétant la construction d'une route à travers la vallée du Neudorf et déterminant le tracé de cette route à asseoir sur le terrain dit Stadterpaadt. legilux.public.lu (16.09.1850). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  2. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 16 septembre 1850 décrétant la construction d'une route à travers la vallée du Neudorf et déterminant le tracé de cette route à asseoir sur le terrain dit Stadterpaadt. legilux.public.lu (05.06.1851). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  3. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 juillet 1854 déterminant le tracé du raccordement de la route de Trèves avec la nouvelle route de Neudorf. legilux.public.lu (26.07.1854). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  4. (fr)Loi du 29 mai 1907, concernant la construction d'un nouveau pont sur la Sûre à Wasserbillig. legilux.public.lu (29.05.1907). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  5. (fr)Loi du 22 juillet 1916, concernant la construction d'un nouveau pont et la reconstruction de l'ancien pont sur l'Alzette à Clausen, sur la route de Luxembourg à Trèves. legilux.public.lu (22.07.1916). Gekuckt de(n) 06.04.2023.