Käerch
lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Käerch
Käerch ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Käerch.
Käerch | |
---|---|
![]() D'Kierch an d'Schoul zu Käerch | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Koerich de: Koerich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Daniel Wirth |
Awunner | 1.344 |
1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023 | |
Héicht | 299 m |
Koordinaten |
49° 40’ 14’’ N 5° 56’ 55’’ O |


Käerch läit am Dall vun der Gieweler Baach.
Geschicht Änneren
Als Iwwerreschter vun der Feudalzäit kann een zu Käerch dräi Plazen ernimmen, an zwar d'Gréiweschlass, d'Fockeschlass, d'Fockemillen an eng Proprietéit déi als Schilwert oder Schilbachgutt bekannt ass, déi um Käercher Terrain louch, awer den Häre vu Simmer gehéiert huet.[1]
Kuckeswäertes Änneren
- Gréiweschlass
- Kierch Käerch, 1968 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.
- D'Haus an der rue de l'école an deem de Michel Rodange vun 1862-1866 gewunnt huet.
- D'Stirling-Monument am Bësch an der Grënn.
Bekannt Leit vu Käerch Änneren
- Marc Agosta (*1948)
- Johannes Coricius (1457-1527)
- Victor Delcourt (1919-1994)
- Jean Greisch (*1942)
- Danièle Kaber (*1960)
- Pir Kremer (1919-2000)
- Arsène Mersch (1913-1980)
Käercher Veräiner Änneren
- FC Käerech
- Käercher Schlassfrënn
- Turbojugend
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Käerch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen Änneren
- ↑ Monuments en Péril, Fasc.4, édité par la Société des antiquités nationales, Luxembourg, 1985 Artikel René Klein