Place de la Gare (Stad Lëtzebuerg)
D'Place de la Gare ass eng Plaz am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se fänkt un op der Héicht vun der Ausfaart aus der Busgare vun de Stater Bussen an erstreckt sech dann a Richtung Süden, bis op d'Kräizung vun der Hollerecher- an der Diddenuewener Strooss.
![]() | |
Numm | fr: Place de la Gare |
---|---|
Deel vun | N3 |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 1616 |
Koordinaten |
49° 36’ 00.5’’ N 06° 08’ 00’’ O |
Zur Place de la Gare gehéieren d'Strooss déi driwwer féiert (Nationalstrooss 3) grad ewéi d'Busgaren vun de AVL an den RGTR-Bussen op der ëstlecher Säit.
Am Kader vum Ausbau vum Stater Tram gëtt d'Garer Plaz tëscht 2021 an 2023 nei ugeluecht: Et kënnt eng Tramshalt virun d'Dier vun der Gare; d'Quaie fir déi Stater Busse verschwannen (en Deel gouf hannert d'Gare verluecht), nieft d'Trammsgleiser kënnt eng Vëlospiste an zwou Richtungen, an et gëtt och en ënnerierdesche Parking fir Vëloen ugeluecht.[1]
Kuckt ochÄnneren
BillerÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Place de la Gare (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ "Place de la Gare: Den Anfang macht die Tram." wort.lu, 09.11.2020.