Uelzecht
D'Uelzecht ass ee franséisch-lëtzebuergesche Floss a mat 68 km op Lëtzebuerger Terrain den zweetlängste Floss vum Land. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Sauer a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vun der Musel an doriwwer eraus zum Baseng vum Rhäin.
D'Uelzecht zu Hesper | |
An anere Sproochen |
fr: Alzette de: Alzette |
---|---|
Längt | 73 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Fläch vum Baseng | 1.172 km² |
Originn | |
Originn |
fréier eng Quell, haut den Auslaf vun engem Kollekter |
Plaz | Villerupt |
Héicht | 315 m |
Koordinaten |
49° 28’ 25.81’’ N 05° 56’ 01.28’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Sauer |
Plaz |
Déifert Gemengegrenz Ettelbréck-Ierpeldeng |
Héicht | 192 m |
Koordinaten |
49° 50’ 53.8’’ N 06° 06’ 44.3’’ O |
Haaptnieweflëss |
Mamer - Äisch Atert - Mess - Waark |
Geographie | |
Land |
Frankräich Lëtzebuerg |
Uertschaften |
Villerupt, Esch-Uelzecht Beetebuerg, Lëtzebuerg Miersch, Ettelbréck |
D'Quell vun der Uelzecht
ännerenDéi eigentlech Quell vun der Uelzecht war südwestlech vu Villerupt am franséischen Departement Moselle, an engem schmuelen Dall an deem d'Cité Sainte-Claire läit. Un d'Uelzecht erënnert do nach just e Weier mam Numm Étang de l'Alzette. Op verschiddenen alen topographesche Kaarte gëtt eng Quell südlech vun Däitsch-Oth als Quell vun der Uelzecht uginn. Bei der Industrialiséierung vum Dall ass d'Uelzecht grad wéi hir Niewebaache westlech vu Villerupt iwwerdeckelt a mat engem Kollekter ënner Villerupt erduerch gefouert ginn. Dee Kollekter kënnt bei Micheville aus dem Buedem eraus an et ass déi Plaz déi vun der franséischer Waasserverwaltung elo als Quell vun der Uelzecht definéiert gëtt. Se leeft vun do ënner dem Numm Canal de la Vacherie à l'Alzette bis op d'lëtzebuergesch Grenz zu Esch-Uelzecht. Hir eenzeg nennenswäert Niewebaach a Frankräich ass d'Beler déi vu Réideng kënnt.
Op franséische Landkaarten aus dem 16. Joerhonnert si sechs Niewebaache bekannt, vun deenen der haut fënnef aus dem Landschaftsbild verschwonne sinn, an Esch ass als Mauvais-Esch uginn.
D'Uelzecht op Lëtzebuerger Terrain
ännerenZu Esch leeft d'Uelzecht ënner der Uelzecht- an der Helen-Buchholz-Strooss erduerch a kënnt op der Héicht vum Schlassgoart, wou fréier d'Berwart-Schlass stoung, erëm un Dagesliicht. Bis 1911 goung hire Laf duerch déi haiteg Kanal- a Liberatiounsstrooss, fir dann an déi ënnescht Uelzechtstross anzebéien, déi 1905 ugeluecht gouf, woubäi d'Uelzecht iwwerdeckelt gouf.
Hanner Esch leeft se "durech d'Wisen", laanscht Schëffleng, Hunchereng, Fenneng, Beetebuerg, Léiweng, Bierchem, Béiweng, Réiser, Hesper an duerch d'Quartieren Hamm, Bouneweg, Polvermillen, Gronn, Clausen, Pafendall, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen vun der Stad Lëtzebuerg, wou se sech tëscht de Sandsteefielsen e Wee gesicht huet. Duerch d'Stad mécht d'Uelzecht op grousse Strecken och d'Grenz tëscht de Quartieren.[1]
Hanner der Stad leeft d'Uelzecht viru laanscht Bäreldeng, Walfer, Steesel, Boufer, Hielem, Hënsdref, Luerenzweiler, Pretten, Lëntgen, Gousseldeng a Rolleng. Se fléisst duerch Miersch, an da laanscht d'Uertschaften Biereng, Miesdref, Pëtten, Kruuchten, Colmer-Bierg, Schieren a Grenzen ier se, no 73 km, tëscht Ettelbréck an Angelduerf an d'Sauer leeft.
Nieweflëss
änneren
Lénksänneren
|
Rietsänneren
|
Naturschutz
ännerenTëscht Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg leeft d'Uelzecht an enger flaacher Landschaft, sou datt lénks a riets dervu Suppen an aner Fiichtgebidder entstane sinn.
En ettlech stinn ënner Naturschutz a gehéiere zu der Zone de protection spéciale (ZPS) «Vallée supérieure de l'Alzette» vum Projet LIFE-Nature. Dat sinn d'Naturschutzgebitt Am Pudel zu Esch-Lalleng, Am Bauch zu Féiz, Brill zu Schëffleng, Dumongshaff tëscht Schëffleng a Féiz, Stréissel zu Beetebuerg an d'Réiserbann zu Réiser, déi zesummen eng protegéiert Fläch vun iwwer 1.000 ha hunn.
Literatur
änneren- Erpelding, Emile: Die Gewässer der Stadt Luxemburg, an Ons Stad Nr 38/1991, Säiten 8-15.
- Simmer, Alain: Aux sources de l'Alzette, an Hémecht Nummer 3, 1985, Säiten 353-367.
- Gaspard, Eugène: Note sur la source de l'Alzette. Le pays Haut, 1980, Nummer 1-2, Säite 37-40 an: Le Républicain Lorrain édition de Luxembourg, 10. Mäerz 1982.
- Gaspard, Eugène: Les Sources de l'Alzette, Typoskript, 11 Säiten
Kuckt och
änneren- Ons Heemecht, d'Lëtzebuerger Nationalhymn, déi dacks d'Uelzecht genannt gëtt, well se mat "Wou d'Uelzecht..." ugeet. Fir aner Bedeitungen, kuckt Uelzecht (Homonymie).
Um Spaweck
ännerenCommons: Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Fotoen
änneren-
Déi renaturéiert Uelzecht um Dumongshaff.
-
D'Uelzecht bei Hesper
-
D'Uelzecht am Pafendall, vum Béinchen aus gesinn.
-
Wou d'Uelzecht an d'Sauer fléisst.