Eurovision Song Contest 1956

1. Eurovision Song Contest
Datum 24. Mee 1956
Stad Lugano (Schwäiz)
Gebai Teatro Kursaal(Lugano)
Gewënner Lys Assia (Schwäiz)
Zuel vu Länner 7
Nei Participatiounen Belsch, Frankräich, Däitschland, Italien, Lëtzebuerg, Holland an d'Schwäiz
Moderatioun Lohengrin Pilipello
Interval Act Les Joyeux Rossignols
Ofstëmmungsreegel Contestjury mat Memberen aus jiddwer Land. D'Wäertunge si geheim bliwwen.

Den 1. Eurovision Song Contest war de 24. Mee 1956 zu Lugano an der Schwäiz. Moderéiert huet den Owend de Lohengrin Filipello: dëst war déi bis haut eenzeg männlech Solomoderatioun an der Geschicht vun der Eurovisioun, déi nach ouni Sallpublikum stattfonnd huet. Jiddwer Land, dat sech fir de Contest ugemellt hat, huet däerfe zwéin Titelen areechen.

D'Interpretin vum Gewënnertitel, Lys Assia, 2009

Groussbritannien, Dänemark an Éisträich hunn d'Umellungsfrist vun der EBU awer verpasst. Eng Sproochreegelung gouf et net; et war awer praktesch en ongeschriwwent Gesetz, an der Landessprooch ze sangen. Et hunn nëmme Solisten däerfen optrieden. D'Schwäiz sou wéi Lëtzebuerg hunn nëmmen eng Sängerin fir déi zwéin Titele presentéiert, wärend fir déi aner Länner all Kéier zwéin Interpreten opgetruede sinn. D'Hallschent vun de Lidder goufen op Franséisch gesongen; de Gros vun de Lidder ware sougenannt Chansonsen. Deemools bei der Jugend beléifte Museksstiler wéi Rock'n Roll oder Calypso sinn net virkomm. Nëmmen de Freddy Quinn, dee fir Däitschland gestart ass, ass mat sengem Boogie-Woogie-Lidd So geht das jede Nacht aus dem Kader gefall. Den zweeten däitschen Titel Im Wartesaal zum großen Glück gouf elo méi schwätzend wéi sangend vum Walter Andreas Schwarz virgedroen. D'Schwäiz huet hiren, deemools gréisste Star, an d'Renne geschéckt, d'Lys Assia, déi scho mat Oh mein Papa baussent de Schwäizer Grenze Succès hat.

Jiddwer Land huet zwéi Jurysmembere geschéckt, déi jiddwer Lidd, och déi vum eegene Land, bewäert hunn. Déi Ofstëmmung war awer am Geheimen. De lëtzebuergeschen Televisiounssender RTL huet awer op eege Jurysmembere verzicht (warscheinlech aus Keschtegrënn) a sou huet d'Schwäizer Jury am Numm vum Grand-Duché matofgestëmmt. Spekulatiounen no soll och dëst zu der Victoire vun der Schwäiz bäigedroen hunn. D'Bewäertungsënnerlage vun der Jury goufen no der Ofstëmmung zerstéiert. Bekannt gouf just d'Gewënnerlidd, all déi aner Plaze si geheim bliwwen.

Déi follgend Tabell ass dofir no der zweeter Positioun alphabetesch no de Länner zortéiert.

Klassementer änneren

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Schwäiz Lys Assia Refrain
Belsch Fud Leclerc Messieurs les noyés de la Seine
Belsch Mony Marc Le plus beau jour de ma vie
Däitschland Walter Andreas Schwarz Im Wartesaal zum großen Glück
Däitschland Freddy Quinn So geht das jede Nacht
Frankräich Mathé Altéry Le temps perdu
Frankräich Dany Dauberson Il est là
Italien Franca Raimondi Aprite le finestre
Italien Tonina Torrielli Amami se vuoi
Lëtzebuerg Michèle Arnaud Ne crois pas
Lëtzebuerg Michèle Arnaud Les amants de minuit
Holland Jetty Paerl De vogels van Holland
Holland Corry Brokken Voorgoed voorbij
Schwäiz Lys Assia Das alte Karussell

Um Spaweck änneren

-   Frankfurt am Main (Däitschland)
- Eurovision Song Contest ESC 1957

Referenzen änneren