Maarnech

Uertschaft an der Gemeng Klierf

Maarnech (lokal: Maarnich[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf. Bis Enn 2011 huet se zu der Gemeng Munzen gehéiert, déi du mat Klierf fusionéiert huet.

Maarnech
Maarnich
Maarnech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Marnach
de: Marnach
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 753
  21. Abrëll 2020; 1. Januar 2021; 1. Januar 2022
Fläch 550,01 ha
Héicht 519 m
Koordinaten 50° 03’ 13’’ N
      06° 03’ 42’’ O

Geographie änneren

Maarnech ass eng vun den Uertschaften am Land déi am héchste läit. E groussen Deel vum Flouer läit iwwer 500 Meter, mat der héchster Plaz de Schwaarzenhiwwel mat 544 Meter (véierthéchst Plaz am Land). Fënnef Baachen hunn hir Quell um Territoire vun der Uertschaft: d'Kënzelbaach, d'Grondbaach, d'Spelleschbaach, d'Hatzelbaach an d'Hireschbaach. Déi déifst Plaz vun der Uertschaft ass am Dall vun der Kënzelbaach mat ronn 335 Meter.

Een Deel vun der Uertschaft läit um Gebitt vun der Kadastersektioun vu Rueder, an zwar zwee Haiser op der ëstlecher Säit vun der Marbuergerstrooss, alleguer d'Haiser op der ëstlecher Säit vun der Dosberstrooss tëscht der Marbuergerstrooss an der Schwaarzenhiwwelstrooss, d'Haiser op der ëstlecher Säit vun der Schwaarzenhiwwelstrooss tëscht der Dosberstrooss an der Kräizung mat der Strooss op der Heed, a vun dëser och all d'Haiser op der ëstlecher Säit.

Geschichtleches änneren

Maarnech ass wuel déi eenzeg Uertschaft am Lëtzebuerger Land déi als Net-Gemeng e Wopen huet. Se krut dee Wopen duerch en Arrêté grand-ducal vum 27. November 1954. D'Publikatioun war am Mémorial A 62 vum 24. Dezember 1954.

Beschreiwung am Originaltext:

Coupé sapiné d'azur et d'or: au I deux fleurs de genêt en naturel posées en fasce, au II un flambeau allumé au naturel posé en pal.

Cube 521 änneren

De 17. November 2007 huet de Cube 521 seng Dieren opgemaach. Et ass e Kulturzenter.

Kuckeswäertes änneren

Perséinlechkeete vu Maarnech änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Maarnech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.