D'Nationalstrooss 18 oder N18 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Klierf. Si féiert vu Maarnech bis op den Antoniushaff.

Laf vun der Strooss
Kilometersteen op der N18

Si huet hiren Ufank op der Kräizung mat der N10 zu Maarnech. Vun do geet se op Klierf a weider a westlecher Richtung laanscht Lenzweiler bis op de Rond-point beim Antoniushaff, wou se bei der N12 zu Enn geet.

D'N18 huet eng Gesamtlängt vun 13,7 km.

Um Spaweck änneren

Commons: Route nationale 18 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien