Haaptmenü opmaachen

Ëffentlecht Etablissement (Lëtzebuerg)

juristesch Persoun vum ëffentlechen Recht, déi mat der Verwaltung vu bestëmmten ëffentleche Servicer beoptraagt ass

En Ëffentlecht Etablissement (fr:établissement public) ass en dezentralen ëffentlechen Déngscht, deen eng gewëssen administrativ a finanziell Autonomie huet. Et handelt sech ëm eng Moralpersoun vun ëffentlechem Recht, déi duerch eng gesetzlech Bestëmmung chargéiert gëtt, fir e bestëmmten ëffentlechen Déngscht ze verwalten, am Hibléck fir spezielle Besoine vun de Leit gerecht ze ginn. Dat geschitt ënner der Titularkontroll vum Staat oder vu Gemengen wou se duerch Uwendung vun enger Déngschtdezentalisatioun detachéiert ass.

Et gëtt dräi Kategorie vun ëffentlechen Etablissementer:

  • Ëffentlecht Etablissement mat administrativem Charakter (établissement public à caractère administratif (EPA))
  • Ëffentlecht Etablissement mat industriellen a kommerzielle Charakter ( établissement public à caractère industriel et commercial (EPI))
  • Ëffentlecht Etablissement mat kulturellen, sozialen a wëssenschaftleche Charakter (établissement public à caractère culturel, social et scientifique (EPCSS))

Ëffentlech Etablissementer zu LëtzebuergÄnneren

Eng Oplëschtung vun allen ëffentlechen Etablissementer zu Lëtzebuerg ass schwiereg, well et keng offiziell ëffentlech zougänglech Lëscht gëtt[1]

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren