LuxTram

Lëtzebuerger Gesellschaft, déi d'Tramslinn an der Stad Lëtzebuerg an an de Nopeschgemengen organiséiert
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


LuxTram S.A. ass eng lëtzebuergesch Gesellschaft, déi d'Tramslinn an der Stad Lëtzebuerg an an den Nopeschgemengen organiséiert.

LuxTram S.A.
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 21. Oktober 2014
Sëtz 61, Circuit de la Foire
Internationale
L-1347 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung André Von der Marck (Generaldirekter)
Mataarbechter 145 (2020)[1]
Branche Persounentransport
Homepage luxtram.lu

Geschicht änneren

Den 21. Oktober 2014 gouf LuxTram als Aktiegesellschaft mat engem Kapital vu 6 Milliounen Euro gegrënnt[2]. De 15. Januar 2015 huet se de GIE Tramway Luxembourg iwwerholl[3], e Groupement d'intérêt économique deen den 20. Juni 2007 tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gi war, mat Zil fir e liichten Tram tëscht dem Kierchbierg, der Stater Gare an der zukünfteger Peripheriegare zu Zéisseng ze plangen[4].

D'Gesellschaft hat hire Sëtz am Ufank an der Arsenalstrooss, ier se op de Kierchbierg, an den neien Tramsschapp geplënnert ass.

Am Juli 2016 sinn déi éischt Schinne geluecht ginn, am Februar 2017 gouf den éischten Tram geliwwert an d'Linn ass den 10. Dezember 2017 ageweit ginn.

 
Den André Von der Marck bei der Inauguratioun vum éischten Deel vun der Linn.

Wat ass den Zweck vun der Gesellschaft? änneren

LuxTram këmmert sech haaptsächlech ëm d'Plangen, d'Ëmsetzen an d'Bedreiwe vun Tramslinnen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg an hiren Nopeschgemengen. Se agéiert awer och als Bauhär fir d'Infrastrukturaarbechte vun der Linn, fir d'Zich ze bestellen, fir den Tramsschapp ze bauen an ze ënnerhalen, asw.

Wie geréiert d'Gesellschaft? änneren

De Verwaltungsrot vun der Gesellschaft besteet aus 12 Leit, dovu sinn der 8 vum Staat a 4 vun der Stad Lëtzebuerg. De Staat stellt de President an d'Gemeng de Vizepresident.

Dat alldeeglecht Geschäft gëtt vun engem Generaldirekter geleet. Vun 2014 bis Juli 2024 war dat den André Von der Marck, säin Nofollger ass den Helge Dorstewitz.[5]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. Rapport Luxtram 2020:Le personnel de Luxtram S.A. au 31 décembre 2020 s’élève à 145 salariés
  2. Memorial C. 3544/2014, S.170072
  3. Memorial C, 393/2015, S. 18836
  4. Memorial C, Nr 2458/2007, S. 117458
  5. Melanie Ptok: "Helge Dorstewitz wird neuer Generaldirektor bei Luxtram." wort.lu, 12.03.2024.