Hollerecher Schluechthaus
D'Hollerecher Schluechthaus ass e fréiert Schluechthaus am Stater Quartier Hollerech, dat haut fir kulturell a sportlech Zwecker benotzt gëtt.
![]() D'Westfassad vum Hollerecher Schluechthaus am Oktober 2017 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Hollerech |
Adress | 5, rue de l'Abattoir |
Koordinaten |
49° 36’ 02.63’’ N 06° 06’ 55.51’’ O |
Datum vum Bau | 1902 |
Deeler vum Gebai goufe bis …[Wéini ?] vum Lëtzebuerger Roude Kräiz benotzt an de "Service des Sports" vun der Stad Lëtzebuerg hat vun 1999 u seng Garagen a Büroen do, ier en uganks 2021 op d'Cloche d'Or nieft de Stadion geplënnert ass[1].
GeschichtÄnneren
D'Stater SchluechthausÄnneren
1867 huet sech de Gemengerot fir de Bau vun engem eegenen, ëffentleche Schluechthaus ausgeschwat. 1874 ass ënner dem Pafendaller Viaduc, wou haut d'Jugendherberg vun der Stad Lëtzebuerg steet, mam Bauen ugefaange ginn. D'Gebai huet 226.818 Lëtzebuerger Frang kascht an ass zwee Joer méi spéit opgaangen[2].
Well ëmmer méi Awunner an der Stad awer ëmmer méi Fleesch giess hunn, huet dat Pafendaller Schluechthaus den Ufuerderunge séier net méi entsprach. Schonn 1902 hat e méi modernt Schluechthaus an der deemoleger Gemeng Hollerech seng Dieren opgemaach, an deem zum Beispill och déi éischt Killanlag am Land stoung. Wéi d'Gemeng Hollerech 1920 dunn an d'Gemeng Lëtzebuerg integréiert gouf, ass d'Entscheedung getraff ginn, een eenzegt zentraalt Schluechthaus mat Killanlagen an engem Véimaart ze bauen. Als Standuert gouf Hollerech gewielt, wou en Areal vu véier Hektar zur Verfügung stoung, dat un dat aalt Schluechthaus gegrenzt huet[2].
D'Schluechthaus ass den 30. Dezember 1929 a Betrib gaangen a gouf den 20. Juni 1930 offiziell vum Buergermeeschter Gaston Diderich ageweit[2].
Iwwer déi nächst 50 Joer ass d'Hollerecher Schluechthaus reegelméisseg erweidert an op den neiste Stand gesat ginn. Esou sinn an den 1950er Joren d'Schwäiställ vergréissert an d'Schwéngshal moderniséiert ginn. An den 1960er si Verkafsstänn mat eegene Killraim an engem Déifkillraum gebaut ginn, an 1968 ass dat modernt Schnellkillverfaren agefouert ginn. Dëst war eng vun den deiersten Ëmbauten am Komplex: ënner anerem goufen zwee Schnellkilltunnelle fir jee 100 grouss Déieren an dräi Tunnelle fir am Ganze 600 Schwäin installéiert. An den 1970er ass dunn nach en automatescht Schluechtband an d'Randshal agebaut ginn[2].
1980 goufen am Schluechthaus all Joer 4.000 Tonne Fleesch produzéiert[2].
Mam Schluechte war et den 1. August 1997 eriwwer, d'Schluechthaus gouf dunn definitiv zou gemaacht[3].
Aner ZweckerÄnneren
Nodeems de Schluechtbetrib agestallt gouf, huet dat fréiert Schluechthaus sech lues a lues zu engem Treffpunkt vun der Lëtzebuerger Graffiti-Zeen etabléiert[4].
Am Mee 2012 ass en Indoor-Skatepark, deen zënter e puer Joer am Schluechthaus existéiert huet[5], fir 50.000 EUR renovéiert ginn an am Juli vum selwechte Joer offiziell ageweit ginn. En huet eng Fläch vu 500 m². Och Graffiti-Kënschtler däerfen do legal hir Biller un d'Mauer sprayen[6].
2010 ass annoncéiert ginn, Den Atelier géif an d'Hollerecher Schluechthaus plënneren[7],[8]. Déi Iddi ass wéinst Protester vun den Awunner aus der Ëmgéigend méi spéit awer erëm fale gelooss ginn[9].
A senger Ried iwwer d'Lag vun der Natioun 2016 huet de Premierminister Xavier Bettel ugekënnegt, datt am Schluechthaus bis 2020 Start-Up-Entreprisë solle baséiert sinn[10].
Fir uganks 2022 ass virgesinn datt de Cahier de charges fäerdeg ass fir dann e Architekteconcours auszeschreiwen. Am Projet ass virgesinn, datt nieft de Graffitien och de Skatepark bestoe bleift an eventuell vergréissert gëtt. Do dernieft si véier Beräicher definéiert déi an de Propose berécksiichtegt musse ginn: Kultur, Sport, Commerce an en intergenerationelle Projet. An engem Deel vum Projet soll och e Creative Hub entsoen[11].
Klassement vum GebaiÄnneren
Op d'Demande vum Kulturministère fir Deeler vum Gebai als nationaalt Denkmal ze schützen huet de Stater Gemengerot uganks März 2021 e positiven Avis ofginn[1]. Den 11. Februar 2022 gouf et als nationaalt Monument lasséiert.[12]
Um SpaweckÄnneren
Commons: Hollerecher Schluechthaus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 Neubau des Service Sports: Schuldfrage klären, Schaden beheben. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-03-09). Gekuckt de(n) 2021-12-19.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Ons Stad 3 (1980) - Der hauptstädtische Schlachthof
- ↑ Eine sentimentale Angelegenheit - Das Verwirrspiel um die Zukunft des hauptstädtischen Schlachthofs ist vorbei d'Lëtzebuerger Land, Nr. 32/1997, S. 5
- ↑ Tageblatt: Der Traum von großen Wänden (5. August 2008)
- ↑ Altes Schlachthaus Hollerich (8. Maërz 2015)
- ↑ Luxemburger Wort: Un skatepark flambant neuf pour les jeunes à Hollerich (5. Juli 2012)
- ↑ rtl.lu: "den Atelier" an aalt Schluechthaus (17. November 2010)
- ↑ Tageblatt: “Den Atelier” bald im Schlachthaus (17. November 2010)
- ↑ Tageblatt: Atelier geht nicht ins Schlachthaus (17. Mäerz 2011)
- ↑ Paperjam: Des start-up «d'ici 4-5 ans» aux anciens abattoirs (27. Abrëll 2016)
- ↑ David Thinnes, Alt und Neu verbinden (17.12.2021). Gekuckt de(n) 19.12.2021.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 2. Mee 2023).