Lille

Stad an Nordfrankräich

Lille (hollännesch Rijsel) ass eng Stad am Norde vu Frankräich. Si ass d'Prefecture vum Departement Nord an der Regioun Hauts-de-France. Buergermeeschtesch ass zënter 2001 d'sozialistesch Politikerin Martine Aubry.

Lille

Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Nord
Arrondissement Lille
Kanton 6 Kantone vu Lille
Postcode 59000, 59160,
59260, 59777, 59800
Gemengecode 59350
Koordinaten 50° 38’ 14’’ N
      03° 03’ 48’’ O
Fläch  3 483 ha
Bevëlkerung  231 491 (2013)
De Bannenhaff vun der „Vieille Bourse“
D'Stad an d'Festung Lille 1708

Geographie

änneren

Lille läit um Floss Deûle op der belscher Grenz.

Bevëlkerung

änneren

D'Gemeng Lille huet ronn 231.000 Awunner. D'Agglomeratioun, mat den Nopeschstied Roubaix an Tourcoing an der 1970 gegrënnter Banlieue Villeneuve-d'Ascq huet méi wéi 1,1 Milliounen (1999) Awunner.

Zu Lille liewen, jee nodeem, wéi een zielt, 90.000 bis 150.000 Studenten.

Geschicht

änneren

Den Numm Lille kënnt dohier, well d'Stad op enger Insel louch, Lille = L'Île; och den hollänneschen Numm Rijsel = Ter ijsel (zu der Insel) dréckt dat aus.

1054 daucht Lille eng éischt Kéier an de schrëftleche Quellen op.

1214 war zu Bouvines, direkt baussent Lille, déi decisiv Schluecht tëscht de Staufer an de Kapetenger op där enger an de Welfen op där anerer Säit, déi zu Gonschte vum franséische Kinnek Philippe II. vu Frankräich ausgoung. Vun ufanks un huet Lille zu der Grofschaft Flandern gehéiert, war awer ëmmer franséischsproocheg. 1304 koum Flandern ënner direkt franséisch Administratioun, ass 1384 awer ness un d'Haus Bourgogne gefall, dat Lille, nieft Bréissel an Dijon zu enger vu sengen dräi Residenzstied gemaach huet.

1477 gouf d'Bourgogne habsburgesch, a Lille gouf domat 1555 Deel vun de Spueneschen Nidderlanden. Den 28. August 1667 huet de Louis XIV. Lille belagert, dat de 25. September kapituléiert huet. Hien huet d'Festung vun der Stad duerch de Vauban ausbauen a verstäerke gelooss.

De Vauban huet och eng fënnefeckeg Zitadell baue gelooss, déi zu enger vun de stäerkste vun Europa gezielt huet. Nei Quartierën, Saint-André a Madeleine, sinn entstanen. Am Spueneschen Ierffollegkrich ass d'Festung Lille vun der Allianz géint Frankräich ageholl ginn, Frankräich huet awer däerfen, wéi am Fridde vun Utrecht 1713 festgeleucht, Lille behalen.

Wéi an der Franséischer Revolutioun d'Departementer geschaf goufen, gouf Lille d'Préfecture vum Nord. An der Industrieller Revolutioun ass, wéinst dem Opschwonk vun der Duch- an Textilindustrie, an och dem Ofbau vun der Kuel, d'Stad rasant gewuess. 1858 goufen d'Uertschafte Fives, Wazemmes, Moulins an Esquermes fusionéiert, soudatt Lille 1872 158.000 Awunner hat.

Am Éischte Weltkrich war Lille vum Oktober 1914 bis Oktober 1918 däitsch besat a gouf, wéinst der Front, déi nobäi war, zum Deel zerstéiert. Am Zweete Weltkrich gouf Lille, mam ganzen Departement Nord, net der franséischer, mä der belscher Besatzungsverwaltung vun der Wehrmacht ënnerstallt. Lille gouf den 3. September 1944 duerch déi Alliéiert befreit.

Stiedpartnerschaften

änneren

Lille huet Partnerschafte mat deenen heite Stied:

Lille war 2004, zesumme mat Genua, Europäesch Kulturhaaptstad. Zanter 1976 gëtt et den Orchestre national de Lille.

Muséeën zu Lille:

  • Musée Charles de Gaulle
  • Musée d'Arts Populaires de Lille-Sud
  • Musée de l'Hospice Comtesse
  • Musée de l'Institut Pasteur
  • Musée des Beaux-Arts
  • Musée des Cannoniers Sédentaires
  • Musée d'Histoire Naturelle et de Géologie
  • Musée Diocésan d'Art Religieux
  • Musée Industrial et d'Ethnologie
  • Palais Rihour

Verkéier

änneren
 
Lille am europäeschen TGVs-Reseau

Lille ass eng wichteg Kräizung am europäeschen TGVs-Reseau: et läit op der Linn vum Eurostar op London an dem Thalys op Amsterdam a Köln.

Educatioun

änneren

Zu oder direkt bei Lille gëtt et véier Universitéite mat am Ganzen enger 110.000 Studenten: déi dräi Universitéiten (déi 1970 gespléckt goufen) Universitéit Lille I mat enger technesch-naturwëssenschaftlecher Orientéierung, Universitéit Lille II mat de Fakultéite fir Economie, Droit, Medezin a Sport, Universitéit Lille III mat de geeschteswëssenschaftleche Fächer, an als véiert d'Université catholique de Lille. Zu Villeneuve-d'Ascq, direkt bei Lille, ass d'École Centrale de Lille, eng berüümt franséisch Schoul fir Ingenieuren, déi 1854 gegrënnt gouf an ewell zu Lille I gehéiert; si gëtt zu de Grandes Ecoles gezielt. Ausserdeem ass zu Lille déi gréisst franséisch Managementschoul, d'SKEMA Business School mat ronn 7.000 Studenten. Och d'EDHEC Business School ass do, sou wéi eng Rëtsch aner tertiär Bildungs- a Weiderbildungsinsituter, wourënner och d'École supérieure de journalisme de Lille, och IÉSEG School of Management.

Um Spaweck

änneren
Commons: Lille – Biller, Videoen oder Audiodateien