Däitsche Bundestag

Parlament vun der Bundesrepublik Däitschland

Den Däitsche Bundestag ass d'Parlament an domat dat legislatiivt Organ vun der Bundesrepublik Däitschland. En huet säit Siège am Reichstagsgebai zu Berlin. Et ass am Politesche System vun Däitschland dat eenzegt konstitutionellt Organ, dat um federale Niveau direkt vum Vollek gewielt gëtt. E besteet aus op d'mannst 598 Deputéierten, offiziell op Däitsch Mitglied des Deutschen Bundestages (MdB) genannt. An der 20. Sessioun, déi am September 2021 gewielt gouf, sinn et 736 Deputéiert.

Logo vum Bundestag
D'Reichstagsgebai zu Berlin, de Sëtz vum Bundestag
D'Bundeskanzlerin Angela Merkel bei enger Debatt am Bundestag, lénks d'Regeirungsbänk, 2014

Den Däitsche Bundestag gëtt grondsätzlech op véier Joer gewielt. D'Deputéiert kënne sech a Fraktiounen oder Gruppen zesummendoen, a kënnen doduerch e spezifesche Status bei der Organisatioun an de Prozedure kréien. D'Presidentin vum Bundestag ass zënter 2021 d'Bärbel Bas (SPD).

D'Haaptfunktioun vum Bundestag ass et, Gesetzer um Niveau vum Bund ze stëmmen. E kann och deelweis d'Verfassung (Grundgesetz genannt) änneren. Dobäi muss dacks de Bundesrat och mat stëmmen, fir datt d'Gesetz a Kraaft triede kann (de Bundesrat vertrëtt d'Bundeslänner an ass eng Zort zweet Chamber.

De Bundestag approuvéiert weiderhin international Traitéen an de Projet vum Staatsbudget (Bundeshaushaltsplan). Ausserdeem wielt en, mat absolutter Majoritéit, de Regierungschef (de Bundeskanzler) a wierkt mat bei der Wal vum Staatschef, dem (Bundespresident), de Bundesriichter an anere wichtegen Organer vum Bundesniveau.

De Bundestag huet déi parlamentaresch Kontroll iwwer d'Bundesregierung, d'Exekutiv, a kontrolléiert och den Asaz vun der Arméi, der Bundeswehr.

Den éischte Bundestag koum de 7. September 1949 zesummen, kuerz no der Grënnung vun der Bundesrepublik Däitschland. En hat ursprénglech säi Sëtz zu Bonn, der Haaptstad vu Westdäitschland. No der Erëmvereenegung, 1990, huet de Bundestag an enger Sessioun vum 20. Juni 1991 ofgestëmmt, datt säi Sëtz op Berlin verluecht sollt ginn (zesumme mat ville Ministèren). Dëst geschouch am Summer 1999.

Aktuell Sëtzverdeelung änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.