Rover (Raumfaart)
E Rover ass an der Raumfaart e bemannt oder teleguidéiert motoriséiert Landgefier, dat dozou déngt, friem Himmelskierper auszefuerschen. Bis elo goufe Rover nëmmen um Äerdmound an um Mars agesat, an zwar vun der Sowjetunioun, den USA a China. Déi dauerhaft Energieversuergung vun de Gefierer gëtt entweeder mat Solarzellen (Lunochod an Mars-Rover bis Baujoer 2004) oder mat Radionuklidbatterië wéi am Mars Science Laboratory, gemaach.
Äerdmoundrover
ännerenGestart
änneren- Lunochod 1 – sowjetesche Moundrover, Start den 10. November 1970 mat enger Proton-K/Block-D-Rakéit
- Lunar Roving Vehicle – grousse Rover fir den Transport vun Astronaute vun der Apollo Missiounen, manuell vun Astronaute gesteiert, am Asaz 1971/1972 bei der Apollo 15-, 16- a 17-Missioun
- Lunochod 2 – weider sowjetesche Moundroveren, Start den 8. Januar 1973 och mat enger Proton-K/Block-D-Rakéit
- Yutu ("Hues aus Jade"), gelant de 14. Dezember 2013 vun der chineesescher Raumsond Chang'e-3.
- Asimov – däitsche Moundrover vun der Part-Time Scientists, Start am Joer 2014
- Chandrayaan-2 – indesche Moundmissioun, gestart 2019, de Landemodul Vikram ass um Mound erofgehall a futtigefuer.
Mars-Rover
ännerenHaaptartikel zu dësem Theema: Mars-Rover
Gestart
änneren- Rover vun de sowjetesche Mars-Raumsonden
- Mars 2 – Landung de 27. November 1971, beim Opprall zerstéiert
- Mars 3 – Landung den 2. Dezember 1971, Lander verstommt no 20 Sekonnen, Rover koum net zum Asaz
- Sojourner – klenge Rover vun der Mars Pathfinder-Missioun, Landung de 4.Juli 1997
- Duebelmissioun Mars Exploration Rover
- Spirit – Mars Exploration Rover (MER-A), Landung am Krater Gusev de 4. Januar 2004, leschte Funkkontakt den 22. Mäerz 2010
- Opportunity – (MER-B), Landung am Meridiani Planum de 25. Januar 2004, nach a Betrib
- Curiosity – gréissten US-Marsrover mat nuklearer Energieversuergung (RTG), gestart de 26. November 2011, gelant de 6. August 2012 am Gale-Krater
Geplangt
änneren- ExoMars – europäesche Marsrover, Start viraussiichtlech 2016
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Rover (Weltraumforschung) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA: Mars Exploration Rover Mission
- (en) Planetary Society: Mars Exploration Rovers