Schlass vu Montsoreau

Schlass a Frankräich

D' Schlass vu Montsoreau (Franséisch: Château de Montsoreau) ass e Schlass op der Loire, bei der Uertschaft Montsoreau um lénksen Uwänner vun der Loire[1],[2]. Et läit eng 250 Kilometer südwestlech vun der Stad Paräis, am Departement Maine-et-Loire.

Schlass vu Montsoreau
D'Schlass vu Montsoreau mat der Loire.

D'Schlass vu Montsoreau mat der Loire.
D'Schlass vu Montsoreau mat der Loire.
Land Frankräich
Departement Maine-et-Loire
Plaz Montsoreau
Koordinaten 47° 21’ 56’’ N 00° 03’ 44’’ O
Bauzäit vu 1453 un
Architekt(en) Onbekannt
D'Ostfassad vum Schlass

Et steet op enger strategescher wichteger Plaz, op engem Fiels ronn annerhallwe Kilometer flossof vum Zesummefloss vun der Loire an der Vienne, um Schnëttpunkt vun den dräi Regiounen Anjou , Poitou an Touraine. D'Gebai ass eng Mëschung tëscht Festung a Loschtschlass an et ass dat eenzegt Loire-Schlass dat direkt um Uwänner vun der Loire gebaut gouf[3].

Nieft dem Schlass stinn nach zwou weider Konstruktiounen an zwar e gallo-réimeschen Tempel, an e Festungstuerm, deen den Eudes I. Grof vu Blois gebaut hat. D'Schlass gouf an der Renaissance vum Jean II. vu Chambes gebaut[4].

D'Schlass ass haut e Musée fir zäitgenëssesch Konscht, deen all Joer vu ronn 50.000 Visiteure besicht gëtt[5].

D'Schlass gouf 1862 als Monument historique klasséiert[6].

En Deel vun de Schlässer vun der Loire, tëscht Sully-sur-Loire a Chalonnes, besonnesch Montsoreau an d'Schlass vu Montsoreau, sinn am Joer 2000 op d'Lëscht vun de Weltierwe vun der Unesco opgeholl ginn[7].

Archeologie änneren

D'Presenz vu gallo-réimesche Miwwele beweist mat grousser Sécherheet d'Existenz vun enger wichteger réimescher Plaz, et ass awer nach net vill iwwer déi geschichtlech Period bekannt. Bei Ausgruewungen am südleche Rampli vum Schlass gouf e gewellte Fouss vun enger Sail fonnt, dat léisst drop schléissen datt do warscheinlech en Tempel oder en ëffentlecht Gebai stoung. Wärend den Ausgruewungen am Summer 2000, goufen och nach Deeler vum südlechen Haff aus dem 11. Joerhonnert entdeckt[3],[8].

Geschicht änneren

Mëttelalter änneren

Dat éischt Schrëftstéck iwwer Montsoreau, staamt aus dem Domaine de Restis aus dem 6. Joerhonnert. De Grof Eudes I. vu Blois baut do ëm 990 eng Festung a kuerz virun 1001 kënnt déi an d'Hänn vun den Angeviner. De Grof Foulques Nerra iwwerléisst dem Ritter Gautier vu Montsoreau deen aus enger vun de bedeitendste Familljen aus dem Anjou ass, d'Ophutt vun der Buerg, [9]. An der ganzer Festungsgeschicht ass se nëmmen eemol a friem Hänn geroden. Dat war 1156 wéi den Henry II. vun England s'eruewert hat, s'awer kuerz drop sengem Besëtzer zeréckginn hat.[10].

Renaissance änneren

Fir seng grouss Scholden ze begläichen huet de Louis II. Chabot seng Domainer vu Montsoreau a vu Coutancière sengem Schwoer dem Jean II. vu Chambes verkaf. Dee war Kummerhär, Maître d'Hôtel du Roi a Beroder vum Kinnek Charles VII. De Charles VII. huet dem de Chambes verschidde kriddeleg diplomatesch Missiounen uvertraut, ënner anerem war e Botschafter zu Roum, an an der Tierkei a vu 1459 un huet hie vu Venedeg aus en neie Kräizzuch organiséiert. Well de Jang II. vu Chambes dem Louis XI. net esou no stoung wéi dem Charles VII. huet hie sech no 1461 lues a lues aus der Politik zeréckgezunn.[11].

16. Joerhonnert änneren

1505, wärend se iwwer d'Loire an d'Bretagne gefuer sinn, huet d'Anne de Bretagne an hir Duechter Claude de France ee Mount am Schlass Montsoreau gewunnt[12]. D'Claude de France war deen Ament mam Karel vun Habsburg verloobt. Déi Verlobung huet den drëtte Feldzuch géint Italien erliichtert a sou d'Allianz mat Spuenien verstäerkt. De Louis XII. huet déi Verlobung réckgängeg gemaach a 1505 Bestietnes mam François de Valois-Angoulême, dem zukünftege François I. befuel. De Jean IV de Chambes (Jang IV. vu Chambes) ierft en Deel vum Domaine vu Coutancière an en Deel vu Montsoreau, seng Lännereie ginn 1560 an eng Baronnier iwwer. Montsoreau geet 1568 vun de Protestanten ausgeraibert a och Stëft vu Sainte-Croix geet dem Buedem gläich gemaach, Festungsmauere vun der Staat ginn esou och zerstéiert. Duerch den onermoosslechen Äifer grënnt de Jean IV de Chambes (Jang IV vu Chambes) véier Joer méi spéit seng Baronnerie Saint-Barthélemy Angevine, Saumur an dono Angers. Ob Uerder vum Kinnek geet 1573 alles zur Grofschaft erhuewen. Säin Brudder Charles de Chambes (Charel vu Chambes) gëtt 1575 Grof an bestitt Françoise de Maridor (Franziska vu Maridor), awer dësen Numm bleift an éiwegem Verruff mam Mord um Louis de Bussy d'Amboise (Lui vu Bussy d'Amboise)[10].

D'Franséisch Revolutioun änneren

Alles wat no der Franséischer Revolutioun vum Schlass nach iwwreg blouf, gouf verkaaft. Vun 1804 un, huet Gebai 19-mol den Eegentëmer gewiesselt, all eenzelen et Site no senge Virstellungen ëmgebaut.

Schlass war 1910 a sou engem bedauernswäerten Zoustand datt Membere vun der Société Française d'Archéologie zu déifst entsat waren. D'Departement Maine-et-Loire huet, vun 1913 un, déi verschidden Deeler vum Besëtz, Stéck fir Stéck opkaaft. D'Restauratiounsaarbechten hu vun 1923 bis zum Ufank vum zweete Weltkrich gedauert.

Am Abrëll 2016 huet de Rot vum Departement Maine et Loire Schlëssele vum Schlass dem Philippe Méaille uvertraut. Deen huet zanterhier seng Sammlung mat Zäitgenëssescher Konscht do installéiert[13]. De Philippe Méaille huet den neie Musée, Château de Montsoreau-Musée d'art contemporain (Schlass vun Montsoreau, Musée vun der Zäitgenëssescher Konscht) gedeeft. De Musée stellt déi weltwäit gréisst Sammlung vu Wierker vun Art & Language (Konscht a Sprooch) aus, an zwar vun Artisten aus EnglandAmerika an Australien, déi als Erfinder vun der konzeptueller Konscht gëllen[14].

D'Schlass vu Montsoreau an der Konscht änneren

An der Literatur änneren

Alexandre Dumas änneren

Schlass vu Montsoreau ass tëschent 1845 a 1846 mam Alexandre Dumas sengem Roman La Dame de Monsoreau veréiwegt ginn. An deem Roman ass d'Schlass, Kuliss fir dem Dumas seng Trilogie iwwer Renaissance, mat La Reine Margot, Les quarante-cinq a La Dame de Monsoreau.[15] :

  • Eng historesch Liebesaventure tëschent dem Louis de Clermont, Guttshär vu Bussy d'Amboise an der Diane de Méridor, Fra vum Grof vu Monsoreau souwéi eng Intrig déi déi politesch sou wei déi reliéis Onrouen ënnert der Herrschaft vum Henry III. ënnersträichen, ënner anerem d'Rivalitéite géigeniwwer vu sengem Brudder, dem François de France, Herzog vun Alençon a vum Anjou, en intrigante Personnage ouni Éier.

Gustave Flaubert änneren

An hirem Roman Par les champs et par les grèves , hunn de Gustave Flaubert an de Maxime Du Camp vun hirer Rees op Montsoreau vum 8. Mee 1847 erzielt.

Am Kino an Audiovisuellen änneren

An der plastescher Konscht änneren

Joseph Mallord William Turner änneren

Déi massiv Struktur vum Schlass vu Montsoreau, dat um Ufer vun der Loire läit, inspiréiert am 19. Joerhonnert, en ettlech Romanisten a Pre-Impressioniste fir op d'Loire ze reesen. De Joseph Mallord William Turner realiséiert 1832 eng Aquarelle déi d'Schlass Montsoreau weist mat am Hannergrond den Zesummefloss vun der Loire an der Vienne.

Auguste Rodin änneren

Den Auguste Rodin, dee faszinéiert vun der Architektur vum Schlass war, huet eng Zeechnung mam Bléck op d'Nordsäit realiséiert.

Biller änneren

Dokumentatioun änneren

  • E. Litoux, Congrès Archéologique de France, 2003, Société Française d'Archéologie, Paris (p. 257).
  • O. Guillot, Le Comte d'Anjou et son entourage au XIe siècle, t.2, p. 32, Paris, 1972.
  • Raimbault, Notice historique sur le château et la commune de Montsoreau, p. 304-314, Arch. Départementales du Maine-et-Loire, Angers, 1965.
  • O. Desme de Chavigny, Les anciens seigneurs de Montsoreau, p. 18, Tours, 1888.
  • Anselme de Sainte-Marie, Histoire de la maison royale de France, La compagnie des libraires, Paris, 1728.
  • M. Mollat, Les affaires de Jacques Coeur, journal du procureur Dauvet, p. 483-618, Paris, 1952.
  • Prévost du Romant d'Amat, Dictionnaire de biographie française, t.8, p. 243, Paris, 1959.
  • J. Levron, La véritable histoire de la dame de Montsoreau, Chapelon, Paris, 1938.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Château de Montsoreau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. « Page d'été : Découvrez Montsoreau », op france3-regions.francetvinfo.fr,‎ 2014
  2. « Anjou-Département du Maine-et-Loire », op culture.maine-et-loire.fr,‎ 2001 (consulté le 26 mars 2019).
  3. 3,0 3,1 E. Litoux, Congrès Archéologique de France, 2003, Société Française d'Archéologie, Paris (p.257).
  4. « Château de Montsoreau », op parangone.fr,‎
  5. Colin Gleadell, « Largest collection of radical conceptualists Art & Language finds a home in a French chateau », Artnet news,‎ .
  6. « Monuments historiques français », op culture.gouv.fr,‎ 2001 (consulté le 26 mars 2019).
  7. « Val de Loire entre Sully-sur-Loire et Chalonnes », op whc.unesco.org,‎ 2000 (consulté le 26 mars 2019)
  8. Correspond aux parcelles 710 et 717 à 721 de la section B2 du cadastre de 1813 A.D. Maine-et-Loire.
  9. O. Guillot, Le Comte d'Anjou et son entourage au XIe siècle, t.2, p.32, Paris, 1972
  10. 10,0 10,1 http://thierryhelene.bianco.free.fr/drupal/?q=node/88
  11. https://www.valdeloire.org/Connaitre/Au-fil-de-l-histoire/Le-Val-de-Loire-siege-du-pouvoir-royal/Charles-VII-et-Louis-XI
  12. https://gw.geneanet.org/garric?lang=fr&n=de+bretagne&p=anne
  13. Archive copy Gearchiveerd op 2019-03-22. Gekuckt de(n) 2019-04-07.
  14. https://news.artnet.com/market/art-language-philippe-meaille-french-chateau-310458
  15. http://www.dumaspere.com/pages/dictionnaire/dame_monsoreau.html