De François Étienne vu Loutrengen, gebuer den 8. Dezember 1708 zu Nanzeg, a gestuerwen den 18. August 1765 zu Innsbruck, war vu 1729 bis 1737 als François III. Herzog vu Loutrengen a Bar, vu 1737 bis 1765 als Francesco II. Groussherzog vun der Toskana, vum 21. November 1740 u Matregent an den Habsburgeschen Ierflänner an zanter 1745 als Franz I. Stephan Keeser vum Hellege Réimesche Räich. Hie war de Mann vun der Maria Theresia.

Franz I. Stephan
Titelen
Biographie
Gebuer 8. Dezember 1708
Nanzeg
Gestuerwen 18. August 1765
Innsbruck
Bestuet mat Maria Theresia vun Éisträich
Kanner Maria Elisabeth vun Éisträich, Maria Anna vun Éisträich, Maria Karolina vun Habsburg, Joseph II., Maria Christina vun Éisträich, Maria Elisabeth vun Éisträich, Karl Joseph vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich, Leopold II., Johanna Gabriele vun Éisträich, Maria Josepha vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Ferdinand Karl vun Éisträich-Este, Marie-Antoinette vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Maximilian Franz vun Éisträich