En Transit oderDuerchgank an och Passage genannt, ass eng astronomesch Konstellatioun:

  • Allgemeng d'Zesummentreffen vun zwéi Himmelskierper, z. B. d'Perihelzäit – den Zäitpunkt tëscht zwéi Perihel-Passagen, oder den Duerchgank vum Äerdmound duerch d'Meridianebene.
Duerchgank vum Äerdmound virun der Sonn, 2007 vum Satellit STEREO B aus gesinn

Speziell als Transit bezeechent ginn follgend Duerchgänk:

  • De Meridianduerchgank: Een Objet kräizt de Meridian (d'Südrichtung vum Observatiounspunkt. Bei konstanter Deklinatioun erreecht et dann déi gréisst Héicht iwwer dem Horizont, am annere Fall net. Kuckt dozou den Artikel: Kulminatioun.
  • Den Transit vun zwéin Himmelskierper oder déi deelweis Bedeckung, déi an desem Artikel speziell behandelt gëtt.

Transit vun zwéin Himmelskierper änneren

 
Venusduerchgank vum 6. Dezember 1882

Ee klengen Himmelskierper zitt virun engem méi grousse laanscht a bedeckt en dobäi deelweis.

„Kleng“ a „méi grouss“ bezéie sech dobäi op déi visuell Gréisst. Bei enger totaler Bedeckung, schwätzt ee vun enger Okkultatioun.

Den Transit ass e spezielle Fall vun der Konjunktioun.

Dobäi si follgend Konstellatioune méiglech:

Umierkung: Eng Sonnendäischtert gëtt net als Transit, mä als spezielle Fall vun der Okkultatioun bezeechent.

Den Zäitpunkt an d'Dauer vun engem Duerchgank sinn ofhängeg vun der Observatiounspositioun.

Duerchgäng vu kënschtlechen Äerdsatelliten änneren

Och kënschtlech Äerdsatelliten kënnen an d'Siichtlinn tëscht engem Observateur op der Äerd an der Sonn oder dem Mound geroden. Allerdéngs si sou Situatioune schwéier z'observéieren, well d'Siichtsträif nëmmen e puer Kilometer breet ass. Zudeem wandert de Satellit meeschtens nëmmen 0,5–2 Sekonne virun der Sonn laanscht.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Marco Peuschel: Konjunktionen, Bedeckungen und Transits – Das kleine Almanach der Planeten. 1. Auflage. Engelsdorfer Verlag, Leipzig 2006, ISBN 3-939144-66-5 (kuck och um Spaweck)

Um Spaweck änneren