Falenharespelen
Falenharespelen | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Vespa crabro. | |||||||||||||
An anere Sproochen: |
fr: Vespidae de: Faltenwespen en: Vespidae | ||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Vespidae Latreille, 1802 |
D'Falenharespelen (Vespidae) sinn eng Famill an der Ënneruerdnung Aculeata an an der Uerdnung Hymenoptera. Si regruppéiere weltwäit ronn 4000 Aarten, vun denen där ongeféier 100 och a Mëtteleuropa liewen.
BeschreiwungÄnneren
Den Numm Falenharespele kënnt dohier, datt d'Flilleke vun dësen Insekten a Roustellung de laange Wee gefaalt sinn. D'Facettenae sinn nierefërmeg. Déi heefeg schwaarzgiel aposematesch Fierwung als Warntruecht weist drop hin, datt déi meescht Aarte sech wiere kënnen.
SystematikÄnneren
Zu de Falenharespele gehéieren d'Ënnerfamillje vun den Echten Harespelen (Vespinae) an de Feldharespelen (Polistinae), déi zesummen als sozial Falenharespelen bezeechent ginn. Wéinst hirem Naschtmaterial heesche s'och nach Pabeierharespelen. Als staatebildend Harespele gehéiere si zu deene bekanntsten Insekten.
Déi meescht Aarte gehéieren awer zur Ënnerfamill vun de Solitäre Falenharespelen (Eumeninae), déi och Leemharespelen genannt ginn, well si d'Bruttzelle fir hir Larven aus oder am Leem bauen, wéi z. B. d'Gattung vun den Aulebäckerharespelen. An Europa gëtt et iwwer 200 Aarte vu Solitäre Falenharespelen.
Zu de Falenharespele gehéieren do dernieft nach d'Hunnegharespelen (Masarinae) mat weltwäit iwwer 300 Aarten.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Falenharespelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Beschreiwung vu verschidden Naschtbauformen vu soziale Falenharespelen (PDF; ca. 2,56 MB) (de)