Fielsmillen (Mäertert)

fréier Millen am Sirdall an der Gemeng Mäertert


D'Fielsmillen, och nach Kergensmillen, nom Numm vum éischte Proprietär, ass eng al Millen déi am Sirdall läit ongeféier um hallwe Wee tëscht Manternach a Mäertert op enger Héicht vun 154 Meter a 700 Meter d'Baach erop vun der Fausermillen.

Fielsmillen
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Mäertert
Buergermeeschter Jérôme Laurent (LSAP)
Héicht 160 m
Koordinaten 49°42'36,18"N, 6°27'6,08"O

D'Fielsmillen, déi a Privatbesëtz ass, läit am westlechste Wupp vun der Gemeng Mäertert, südlech vum CR134.

Op den Uwänner vun der Sir leien do lénks d'Manternacher Fiels a riets de Kaleberg.

Geschicht

änneren

Déi Mäerterter Fielsmille gëtt fir d'éischt 1797 ernimmt. Dat haitegt Haaptgebai gouf ëm 1875 gebaut.

Et ass bekannt datt se ëm 1860 vum Nicolas Kergen als Käremillen a Betrib geholl gouf. Dës Millen huet bis 1935 geschafft a louch du bis 1938 brooch. Dat Joer ass se als Schankemille ëmgebaut ginn.

Nodeem si net méi als Mille benotzt gouf, war d'Fielsmillen e Bauerenhaff.

Am Joer 1997 ass eng modern Turbinn agebaut ginn déi Stroum un d'CEGEDEL liwwert.

D'Millen an den Zweete Weltkrich

änneren

Just virum Zweete Weltkrich war d'Millen, déi zu där Zäit eng Schankemille war, e beléifte Rendez-vous fir Nazi-frëndlech Auslandsdäitscher a paramilitäresch Gruppen. Wéi se an der Nuecht vum 9. op den 10. Mee 1940 vun enger Patrull vun der Gréiwemaacher Gendarmerie erwëscht gi sinn, koum et zu enger Schéisserei, bei där e puer Leit blesséiert goufen. E puer Stonnen drop, si Wehrmachtstruppen iwwer d'lëtzebuergesch Grenz komm.

Eréischt 1948 koum d'Millen nees a lëtzebuergesch Hänn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Fielsmillen (Mäertert) – Biller, Videoen oder Audiodateien