Den Echternacher Anzeiger war eng Zeitung, déi vum 10. Mee 1863 bis den 31. Dezember 1940 zweemol d'Woch beim Dominik Burg, duerno deem sengem Fils, dem Joseph Burg, an du bei deem sengem Fils, deen och Joseph geheescht huet, zu Iechternach erauskoum.[1]

Echternacher Anzeiger
Titelsäit vun der 1. Nummer
Typ Lokalzeitung
Periodizitéit 2 Woch
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 10. Mee 1863
Lescht Ausgab 31. Dezember 1940
Dréckerei Imprimerie Burg


En hat eng relativ kleng Oplo – 1865 ëm déi 160 Exemplairen – a bestoung virun allem aus Artikelen, déi scho soss anzwousch publizéiert gi waren.[1]

Mat der Zäit krut den Echternacher Anzeiger den Usproch, iwwer seng lokal a souguer iwwer d'Landesgrenzen erauszewuessen, wéi den Ënnertitel " zugleich Landeszeitung. Organ für das Großherzogtum Luxemburg und die Grenzortschaften " zum Ausdrock bruecht huet.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Echternacher Anzeiger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Romain Hilgert: Les journaux au Luxembourg. 1704-2004, S.98-99.