De Cabo da Roca ass dee westlechste Punkt um Festland vum europäesche Kontinent. E läit a Portugal op der Atlantikküst westlech vu Lissabon op enger Héicht vun 140 Meter iwwert dem Mieresspigel. De Cabo da Roca läit an der Sektioun (freguesia) Colares vun der Gemeng (concelho respektiv municipio) Sintra.

Cabo da Roca

Land Portugal
Regioun : Lisboa e Vale do Tejo
Distrikt : Lisboa
Gemeng : Sintra
Koordinaten : 38° 46’ 51’’ N
      09° 30’ 02’’ W

Et gëtt do e Liichttuerm, en Touristeninformatiounsbüro, e Bistro an e Mast fir Séifunk.

Op den Hänk wiisst d'Carpobrotus edulis, déi sech do invasiv verbreet. An de Fielswänn hu Spuervullen (Falco peregrinus) a Kréchelen (Falco tinnunculus) hir Näschter.

De portugiseschen Nationaldichter Luís de Camões huet dës Plaz esou beschriwwen: "Hei… Wou d'Äerd ophält an d'Mier ufänkt…" (Aqui… onde a terra se acaba e o mar começa...).

Kuckt och änneren

Um Spwaxeck änneren

Commons: Cabo da Roca – Biller, Videoen oder Audiodateien