D'Vulleparlament am Gréngewald

D'Vulleparlament am Gréngewald (Original Schreifweis: D'Fulleparlamènt am Gréngewald) ass e politesch-satirescht Gedicht op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891). Et gouf de 5. November 1848 anonym am Volksfreund publizéiert, enger Zeitung déi vun der Regierung de la Fontaine ënnerstëtzt gouf.

Den Dicks, Fils vum Regierungspresident Théodore de la Fontaine, huet mat den 21 Strophe vum Vulleparlament dat bekannt Vollekslidd Vullenhochzäit nogedicht. Hien huet de Spunnes gedriwwe mat 15 Deputéiert déi - mat Ausnam vum August Collart a Vendelin Jurion - zu der Oppositioun an der Chamber gehéiert hunn a domat „Géigner“ vu sengem Papp waren. Doduerch, datt hie s'als Vullen duergestallt huet, huet den Dicks de Geck gemaach mat hire perséinlechen Eegenaarten, Schwächten an absurde politesche Fuerderungen.

An dësem Gedicht trëtt den Dicks als Géigner vun de progressiv-liberalen a volleksnoen Deputéiert. Duerch dat neit agefouert Walrecht am Joer 1848 si fir d'éischt Kéier Deputéiert am Parlament vertrueden, déi weeder zu der kultivéierter Bourgeoisie nach zum Besëtzbiergertum gehéieren. Des Weidere weist hie mam Gedicht seng Mëssuechtung fir de parlamentareschen a demokratesche System.[1]

Text vum Gedicht[2] änneren

ëmgeschriwwen an déi aktuell Lëtzebuerger Schreifweis;
d'Strophe goufen hei nummeréiert fir et méi einfach ze maachen, d'Textpassagen erëmzefannen

(1) Déi Kréi als gescheitste Vull
Sëtz op dem Presidentestull
Déi Räeren, déi Räeren,
Déi spillen d'Sekreetären.

(2) A wéi gesouch de President
Datt d'Deputéierten all present,
Houscht hien: hëm, hëm.
A seet mat enger staarker Stëmm:

(3) “Dir Häre Vullen, haalt iech stëll,
“Dir sidd heihi beruff, fir vill ...
“Ze schwätzen, schwätzen,
“Är Kloen auserneen ze setzen.”

(4) En ale Kueb fänkt un a seet:
“Wéi d'Welt haut steet, 't deet engem Leed!
“Kiriee!, kiriee!
“O Jëses Maria jeminee!!”

(5) - “Jo”, seet eng Eil “wat opgekläert
“Dat war zu aller Zäit verkéiert;
“Ze vill Liicht, Liicht,
“Verdroe mir net am Gesiicht.”

(6) Déi Nuechtegail fänkt nun och un,
Wëllt, datt all Vull eng Stëmm soll hunn.
Däi Gesang, Gesang,
Nuechtegail, fënnt nach wéineg Klang.

(7) E Mierhong, wat dréit eng Paréck,
Seet: “Fort mat alle Vullestréck!”
“Meng ganz Clique, Clique,
“An ech wëllen d'Republik.”
(8) De Schnauzvull steet dem Mierhong bäi,
A rifft: “'t ass glat keng Geckerei!
“Mir aner, aner
“Si rout Republikaner.”

(9) De Vugel Greif steet op a biet
Ëm d'Wuert an hält déi follgend Ried:
“Dir Hären, Hären,
“'t geet iwwer d'Fonctionnairen!

(10) “Dat si verfluchte Kärelen:
“Sinn houfreg wéi d'Goldmärelen,
“Déi Broutdéif, Broutdéif,
Der Däiwel en Tractemente géif!”

(11) “Bravo!” soen d'hongeregst Vullen, d'Gäns
A reiwe sech vu Freed hir Pänz,
Saperment, Saperment!
“Mir päifen en en Tractement.”

(12) Dorop d'Märel bleech vu Roserei:
“Du solls dach Vugel Greif elei,
“Begräifen, begräifen.”
“Stëll, wann all Vulle päifen.”

(13) De Mitock jäizt: “Keng Steiere méi,
“Keng Schoul, kee Wäirecht, keng Chaussée,
“Keng Mairen[3], Mairen,
“A fort mat allen Hären!”

(14) “Ja”, rifft de Schnuddli-Rouderack,
“Erof och mat der Lompeklack!
“D'Gendaarmen, d'Gendaarmen
“An d'Gesetz iwwer d'Aarmen.”
(15) Dertëschent ëmmer fort, d'Schielmees
Zerschwätzt sech iwwer alles hees;
Déi Grasméck, Grasméck,
Ass hei an do och mächteg flénck.

(16) “'t geet anescht”, rifft een: Kukrukuen!
“Ech sinn iwwer iech all den Huen:
“Gëtt uecht, gëtt uecht!
“Ech hunn d'Constitutioun geluecht!

(17) “Ma dat ass laang nach net genoch;
“O wier ech nëmmen Här eng Woch!
“Gëtt mer eng Plaz, Plaz,
“Soss sidd dir all e Vull fir d'Kaz!”

(18) “'t ass wouer”, seet de President,
“'t ass d'Schold all vum Gouvernement.
“Déi Cola'en, Cola'en
“Déi sollen d'Gléck vum Land haut man.”

(19) “Hurra!” jäizt alles “Vive la Belsch!”
“'lo ginn déi Däitsch och nammel Welsch!
“President, President
“Erof mat dem Gouvernement!”

(20) A wéi se alles ëmgehäit,
Koum ënner se vill Näid a Sträit;
Si schaimen, schaimen,
Ee wëllt deen anere pleimen.

(21) Si waren nach um rappen drun,
Du koum den Adler ugeflunn.
Deen deet s an, an,
Fir all deem Spaass en Enn ze man.

Erklärungen zum Gedicht änneren

 
D'Kréi representéiert de Chamberpresident Charles Metz

Déi 15 Deputéiert déi karikéiert gi sinn:

  • Stroph 1: De Chamberpresident Charles Metz ass eng Kréi, de schlauste Vull. Am Gedicht fuerdert hien, datt d'Deputéiert sech setzen an hire Bestëmmungen nokomme sollen. Schonn hei mécht den Dicks d'Parlament als eng Zort Poterclub lächerlech, andeems et nëmmen drëm geet, fir vill ze schwätzen an ze kloen.
  • Strophen 2-3: D'provisoresch Sekretären Auguste Collart a Michel Jonas si Räer.
  • Strophe 4-5: De President vum Dikrecher Geriicht Charles-Gérard Eyschen ass e Kueb an de President vum Stater Geriicht Jean-Pierre Toutsch eng Eil. Zesumme mam Michel Jonas gehéiere se zu de kathouleschen Deputéiert a ginn als reaktionär beschriwwen, andeem se sech iwwer den Zoustand vun der Welt ausloossen, absënns iwwer d'Opklärung an ze vill Liicht, dat se net op hirem Gesiicht verdroen.
 
De Geier ass den Henri Greisch
 
Den Hunn, deen d'Constitutioun geluecht huet: den Norbert Metz
  • Strophe 16-17: Am leschten Deel vum Gedicht kënnt den Dicks erëm op d'Muecht vun der Famill Metz zeréck a beschreift den Norbert Metz als Hunn deen iwwer Allem steet, well hien d'Constitutioun “geluecht” huet. Dat geet him awer nach net duer, hie wëll un d'Muecht a verlaangt fir sech eng Plaz an der Regierung.
  • Stroph 18: De Chamberpresident Charles Metz gëtt dem Norbert (sengem Brudder) Recht a seet, datt d'Regierung Schold ass un allem Gestreids. An da solle grad elo déi Cola'en dem Land Gléck bréngen... Mat de Cola'en (also Dräibizen) sinn déi nei Deputéiert - Vertrieder vum Bauerestand - gemengt, déi duerch den niddregen Zensus 1848 an d'Chamber gewielt goufen.
  • Stroph 19: Zum Schluss vum Vulleparlament kënnt et zu engem groussen Duercherneen. D'Oppositiounsdeputéiert maache sech staark fir d'liberal Belsch an ënnerstëtzen d'Revolutioun an Däitschland, déi déi fräiheetlech Iddie vun de Fransousen opgegraff hat. Si ruffen dozou op fir d'Regierung de la Fontaine ze stierzen, well déi nach op dem Ancien Régime opgebaut war. Et kënnt duerno zu Muerd an Doudschlag.
  • Strophen 20-21: Nodeems d'Vullen alles ëmgestouss hunn, kommen Näid a Sträit op an deen ee wëll deen anere plëmmen. Schliisslech kënnt en Aadler geflunn deen all déi aner Vullen ëmbréngt an dem Spaass domat en Enn mécht. Den Aadler representéiert entweeder den Aadler aus dem Wope vum neien Däitschland oder de preiseschen Aadler.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/492/4927/DEU/index.html
  2. DʼVULLEPARLAMENT AM GRENGEWALD. (ob dʼWeis vun der Vullenhóchzeit.). In: Der Volksfreund (1848), nº 79 (05.11.1848), p. 4. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. vu maire (fr) = Buergermeeschter
  4. De “Schnauzvull” gëtt et net an der Vullewelt; gemengt ass e “Grünschnabel” (de)