D'Archeologie ënnersicht déi materiell Kultur (verschidden Objeten, Miwwelen, Nekropolen, Monumenter, mä awer och Schanken a planzlech Iwwerreschter wéi Kären a Pollen) a versicht d'Relatiounen tëscht dësen eenzelen Elementer ze verstoen. Den Archeolog versicht d'Ëmwelt, d'Techniken, d'Ekonomie an d'Gesellschaft ze rekonstituéieren.

Archeologesch Ausgruewungen um Knuedler, 2010

D'Archeologie ass eng Quell vun der Geschicht an den Archeolog ass een Typ vun Historiker, dee sech haaptsächlech un de Saachen intresséiert, déi am Buedem vergruewe sinn. Hien ass en Historiker vun der materieller Kultur a vum Alldag.

Geschichtleches änneren

Den Interessi un ale Kulturen ass näischt Neies, schonn d'Réimer hu sech dofir begeeschtert. Si hunn d'Pyramide besicht.

An der Renaissance koum et zu enger grousser Begeeschterung fir d'Antiquitéit an déi, déi sech et leeschte konnten, sinn an Italien an d'Vakanz gefuer, am léifsten op Roum. Bei dëse Reese goufen natierlech och Objete gesammelt, fir doheem ze weisen, an et ass virkomm datt dofir och alt gegruewe gouf. Bei dëse Sammler fanne mer ënner anerem d'Medici-Famill vu Florenz.

Am 18. Joerhonnert geet et richteg mat Ausgruewunge lass, dëst duerch d'Decouverte vu Pompeji an Herculanum am Joer 1711.

Am 19. an 20. Joerhonnert ginn ëmmer méi Ausgruewungen ugefaangen, an zu de wichtegsten zielen do wuel d'Decouverte vum homereschen Troja duerch den Heinrich Schliemann (1870) an d'Graf vum Tutanchamun (1922).

Ausgruewungen änneren

Verschidden Zorte vun Ausgruewungen änneren

Prospektiounen änneren

Prospektioune sinn eigentlech keng Ausgruewungen an deem Sënn, mä éischter eng Etüd vun der Landschaft. Si ginn normalerweis viru programméierten Ausgruewunge gemaach, fir ze kucken op sech de ganzen Opwand iwwerhaapt lount. Bei sou Prospektioune schafft eng pluridisziplinar Ekipp zesummen a sicht systematesch no interessante Plazen.

Dobäi gëtt et verschidden Typpe vu Prospektiounen:

  • Prospektiounen um Buedem: zu Fouss, entweeder systematesch nodeem eng Kaart studéiert gouf, oder als "Trëppeltour".
  • Prospektiounen aus der Loft: verschidde Saachen, wéi Iwwerreschter vu Maueren an engem Feld, gesäit een nëmmen aus der Loft, well et duerch d'Maueren am Buedem zu engem Ënnerscheed vu Fiichtegkeet am Buedem kënnt, an een dann aus dem Fliger oder Helikopter schéin de Faarfënnerscheed gesäit.
  • Wëssenschaftlech Prospektiounen
    • Elektronesch Prospektiounen: Mat Elektrode gëtt Stroum duerch de Buedem gejot, an dobäi ginn dréchen Zonen (Maueren) a fiicht Zonen (Hielen) opgezeechent.
    • Magnéitesch Prospektiounen; D'Äerdmagnéitfeld verännert sech permanent. Vergruewen Objeten, zemools Toun behalen de Magnetismus vun deem Moment wou si gebak goufen. Et gëtt also Ënnerscheeder am Magnéitfeld gesicht.

Preventiv Ausgruewungen änneren

Preventiv Ausgruewunge sinn zäitlech limitéiert an trieden ëmmer dann op, wann duerch geplangt Bauaarbechten archeologesch Sitten a Gefor kommen. Eng ganz Partie Ausgruewunge goufen zum Beispill op der Streck vum TGV a Frankräich gemaach, éier den Zuch iwwer alles rullt.

Programméiert Ausgruewungen änneren

Programméiert Ausgruewunge sinn zäitlech onbegrenzt a gi vun enger bestëmmter Problematik aus. Bei sou Ausgruewunge weess ee genee no wat ee siche wëllt an et besteet keen Zäitdrock. Normalerweis ginn sou Ausgruewungen am Summer gemaach, an et gëtt fir ee Mount am Joer gegruewen. Doduerch dauert et natierlech laang bis een zu engem Resultat kënnt.

Noutfall-Ausgruewungen änneren

An dësem Fall steet de Bagger schonn um Terrain. Dat kann zum Beispill beim Bau vun engem Haus geschéien. Beim Ausgruewe vum Fëllement stéisst een op eemol op eng al Réimervilla. An dësem Fall gi ganz séier d'Archeologen op den Terrain geruff an déi probéieren a kierzter Zäit dat wichtegst vum Site erauszehuelen, fir datt d'Aarbechte kënne weidergoen.

Technike beim Ausgruewen änneren

Den Archeolog sicht net den Objet selwer mä wat deen Objet him verrode kann. Dowéinst ass et extreem wichteg den Objet net aus sengem Ëmfeld erauszehuele bis d'Etüd vum Kontext, an deem den Objet fonnt gouf, ofgeschloss ass.

Quadrillage vum Terrain änneren

De Quadrillage vum Terrain gëtt an dräi Achsen (horizontal: x & y - Déift: z) gemaach, meeschtens mat Ficellen.

Hautdesdaags gëtt et natierlech och d'Méiglechkeet einfach eng digital Foto vum Terrain ze maachen, an um Computer e Plang ze zeechnen.

Stratigraphesch Method änneren

Bei der stratigraphescher Method ënnersicht een déi verschidde Schichten am Buedem. Déi déifst Schichte sinn dobäi normalerweis déi eelst, a mat dëser Method kann een eng Rei Phase feststellen: Phase wou den Terrain bebaut war, Phase wou d'Gebaier zerstéiert goufen asw.

Datéieren änneren

Relativ Chronologie änneren

Heiansdo kënnt et vir datt een zum Beispill an engem merowengesche Graf Mënzen oder Vase fënnt, déi e gutt Stéck méi al sinn. Dat kënnt vir wann zur Merowengerzäit elo zum Beispill een op der selwechter Plaz begruewe ginn ass, op där et schonn e Graf gouf, an duerch d'Ëmgruewe vum Buedem hu sech déi zwou Schichte vermëscht. Dat mécht d'Datéiere natierlech méi schwiereg a verlaangt e groussen Effort fir eng ongeféier Zäitperiod festzesetzen. Datéiert gëtt hei andeems d'Objete matenee verglach ginn.

Absolut Datatioun änneren

Verschidden Objete kann ee bal op den Dag genee datéieren. Dëst ass zum Beispill bei Mënzen de Fall, op deenen een dacks den Herrscher vun där Zäit drop fënnt. Eenzegen Hoken ass hei natierlech datt d'Mënzen iwwer länger Zäit am Ëmlaf waren. Nimm fënnt een awer och op aneren Objeten, zum Beispill op Vasen oder och Kilometersteng. An natierlech gëtt et och historesch Fakten, déi engem nëmmen e klenge Spillraum oploosse vu wéini bis wéini dësen Objet benotzt gouf.

Datatiounsmethoden änneren

Identifikatioun änneren

Literatur zum Theema änneren

  • SINN Ulrich, Einführung in die klassische Archäologie, 2000.
  • Diane Neises, Nach den Schätzen Luxemburgs graben - Ausgrabungsarbeiten des Centre national de recherche archéologique (CNRA Bartreng); in: Tageblatt, Nr. 204, 02. September 2011; Ss. 12-13 (ill.).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Archeologie – Biller, Videoen oder Audiodateien