Ian Fleming
Den Ian Lancaster Fleming, gebuer den 28. Mee 1908 zu London a gestuerwen den 12. August 1964 zu Canterbury, war een englesche Schrëftsteller a Journalist.
Ian Fleming | |
---|---|
Gebuer |
28. Mee 1908 Mayfair |
Gestuerwen |
12. August 1964 Canterbury |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Eton College, Royal Military College vu Sandhurst, Universitéit vu München, Universitéit vu Genf |
Aktivitéit | Journalist, Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Prosaist, Séimann |
Famill | |
Papp | Valentine Fleming |
Mamm | Evelyn St. Croix Fleming |
Geschwëster | Peter Fleming, Amaryllis Fleming |
De Fleming ass bekannt ginn haaptsächlech wéinst der Roman- a Filmfigur James Bond, deen hien erfonnt huet. Seng Geschichten huet hien an 12 Bicher an 9 Kuerzgeschichte verfaasst. Zousätzlech huet hien d'Kannerbuch "Chitty Chitty Bang Bang" an zwee Saachbicher geschriwwen.
Biographie
ännerenDe Ian Fleming ass zu Mayfair, London, gebuer. Hie war de Jong vum Valentine Fleming, Member vum Parlament, a senger Fra Evelyn St. Croix Rose. De Ian ass méi jonk wéi säi Brudder de Schrëftsteller Peter Fleming, an ass awer méi al wéi de Richard Fleming (1910-77), nach ee Brudder vun him. Hien hat ausserdeem eng ausserehelech Hallefschwëster, Amaryllis Fleming. Hie war de Groussenkel vum schottesche Financier Robert Fleming, deen "Scottish American Investment Trust" an d'Handelsbank "Robert Fleming & Co" gegrënnt huet.
De Fleming huet an der Sunningdale Schoul zu Berkshire, Eton College an an der Royal Military Academy Sandhurst studéiert.
Hie war, vun 1944 bis zu sengem Doud, e Member vu Boodle, dem Gentleman's Club an der St. James's Street.
Bicher als Auteur
ännerenJames Bond Bicher
änneren- Casino Royale (1953)
- Live and Let Die (1954)
- Moonraker (1955)
- Diamonds are Forever (1956)
- From Russia with Love (1957)
- Dr. No (1958)
- Goldfinger (1959)
- Thunderball (1961)
- The Spy Who Loved Me (1962)
- On Her Majesty's Secret Service (1963)
- You Only Live Twice (1964)
- The Man with the Golden Gun (1965) Wéinst dem Doud vum Ian Fleming soll den Kingsley Amis deen net ganz fäerdege Roman zu Enn geschriwwen hunn.
- For Your Eyes Only. Five Secret Occasions in the Life of James Bond (1960) dat aus 5 Kuerzgeschichte besteet.. Nämlech For Your Eyes Only, A View to a Kill, Quantum of Solace, Risico an The Hildebrand Rarity
- Octopussy an The Living Daylights (1966) am Original. Am Täschebuch ass nach eng drëtt Geschicht derbäikomm The Property of a Lady.
Um Spaweck
ännerenCommons: Ian Fleming – Biller, Videoen oder Audiodateien |