D'Engelcher vu Schëndels

Film vum Marc Thoma (2013)

D'Engelcher vu Schëndels ass e lëtzebuergesche Film vum Marc Thoma aus dem Joer 2013.

D'Engelcher vu Schëndels
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2013
Première 16. Januar 2013
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Marc Thoma
Dréibuch Marc Thoma, Pol Tousch
Fotografie Pierre Vandeninden
Musek Anselme Pau
Produzent Film Engelcher asbl
Schauspiller
Marie-Paule von Roesgen
Catherine Treff-Elvinger
Pascal Granicz
Zohra Kremer
Pol Urbany
Jean Bour
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En ass de 16. Januar 2013 am Kino ugelaf.

Ëm wat geet et am Film?

änneren

Fir un d'Sue vun enger quiseleger Wittfra erun ze kommen, hecken Noperen e Plang aus: D'Fra kritt op eemol Bréiwer vun "Engelen aus dem Himmel", déi am Ufank ëm en Dëppche Gebeess heeschen, mä no an no ëmmer méi exigent ginn...

De Film baséiert op enger reeller Geschicht, déi an den 1930er Jore geschitt ass, an déi net nëmmen zu Schëndels, mä och am ganze Land fir vill Opreegung gesuergt hat.[1]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Engelcher vu Schëndels.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Gabrielle Seil: "Post aus dem Himmel". Revue 10/2012, 10.03.2012, och op revue.lu.