D'Mansfeld-Gebai (Bâtiment Mansfeld) ass zanter 2017 den Numm vum Sëtz vum Ausseministère vun der Lëtzebuerger Regierung. Dëst historescht Gebai läit tëscht der rue du Palais de Justice an der rue du Nord, an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.

Mansfeld-Gebai
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'43,92"N, 6°7'58,37"O
D'Mansfeld-Gebai, Sëtz vum Ausseministère (2018)
Dat renovéiert Mansfeld-Gebai, hënnescht Vue (2017)

Et war vu 1565 bis 1795 de Palais vum Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg, a gouf am 19. Joerhonnert e Gebai fir verschidde Verwaltungen, dorënner d'Geriicht. 1886 gouf et an e Geriichtspalais ëmgebaut. Dës Funktioun gouf bis 2008 bäibehalen, wéi d'Cité judiciaire fäerdeg gouf an d'Geriicht dohi verluecht gouf. No Renovatiounsaarbechten ass am Februar/Mäerz 2017 den Ausseministère erageplënnert. D'Gebai krut dunn den offiziellen Numm "bâtiment Mansfeld"[1].

Geschicht

änneren

Den eelsten Deel vum Gebai laanscht déi haiteg rue du Palais de Justice, gouf 1545 vum Geschäftsmann a Conseiller vum Kinnek, dem Nicolas Greisch, als Privathaus gebaut. 1564 huet de spuenesche Kinnek Philippe II. de Besëtz kaaft an en zum Sëtz vum Gouverneur, deemools de Péiter Ernest vu Mansfeld, gemaach.[2]

1600 gouf decidéiert, d'Gebai ëm dat Duebelt ze vergréisseren, wat dann och geschitt ass. Et koum e Fligel no hannen aus, wéi och weider laanscht d'Strooss, dobäi. Bei der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg 1683-1684 gouf d'Gebai beschiedegt, mä gläich drop nees opgebaut. De Louis XIV. vu Frankräich huet dann och bei senger Visite zu Lëtzebuerg 5 Deeg mat sengem Haff an dësem Hôtel du Gouvernement logéiert.[2]

Sou blouf d'Gebai bis 1795 de Palais vum Gouverneur. Wéi dat Joer den Ancien Régime ofgeschaaft gouf, hunn d'Fransousen decidéiert, Geriichtsinstanzen an d'Gebai z'installéieren. De Prisong, deemools an den Dräi Tierm, louch praktescherweis just niewendrun. Am Säitefligel sinn awer och nach weiderhi Verwaltungsservicer vum Departement (a méi spéit vum Staat) bliwwen, wéi z. B. d'Chambre des comptes, d'Bauverwaltung, d'Gendarmerie (1843-1881) oder den Enregistrement (1881-1930).[2]

1886 gouf d'Gebai no Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt am Fong ëmgebaut. Déi monumental Fassad aus Sandsteen, virun der klenger Plaz laanscht d'Nordstrooss, gouf virun déi Gebaier, déi do waren, gebaut an ass zanterhier d'Haaptentrée.

Vun 1930, wéi et nach eng Kéier renovéiert gouf, bis 2008, gouf d'Gebai exklusiv vun de Geriichtsinstanze benotzt. 2008 gouf d'Cité judiciaire fäerdeg, an d'Geriichtsadministratioun ass dohi geplënnert.

Vun Abrëll 2011 u gouf d'Gebai vum Fonds de rénovation de la Vieille-Ville archeologesch ënnersicht, an dono ëmgebaut, fir de Sëtz vum Ausseministère ze ginn (dee bis dohin am Hôtel Saint Maximin an an e puer weidere Gebaier war). De Käschtepunkt war op 33 Milliounen Euro festgeluecht.[3] D'Renovatiounspläng ware vun de Büroen A+T Architecture et Kaell architecte a Guillermo Vazquez Consuegra.[4]

Am Februar 2013 gouf eng Prozedur ageleet, fir d'Gebai op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opzehuelen.[5]

Am Februar/Mäerz 2017 sinn d'Servicer vum Ausseministère aus dem Hôtel Saint Maximin an aus anere Büroen an dat frësch renovéiert Gebai erageplënnert.[4]

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Mansfeld-Gebai – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. No der Justiz elo d'Diplomatie op rtl.lu, gekuckt den 8. Mäerz 2017
  2. 2,0 2,1 2,2 "Conférence de presse et visite de l'ancien Palais de Justice." mtp.public.lu, 03-04-2009 (gekuckt: 2013-01-28.
  3. "Ale Palais de Justice: Zukünftege Sëtz vum Ausseministère." RTL.lu - 28.01.2013, 11:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.01.2013, 11:27.
  4. 4,0 4,1 "L'ancien palais de justice reprend vie." paperjam.lu, 2017-02-22.
  5. Josée Hansen: "Cinq siècles d'histoire." d'Lëtzebuerger Land 22. Februar 2013; och op land.lu.