Coupe de Luxembourg (Foussball)

D'Coupe de Luxembourg am Foussball ass d'national Coupekompetitioun vun den éischte Seniorsekippen zu Lëtzebuerg. Den Tournoi gëtt vun der FLF organiséiert an zanter 1921/1922 gespillt. Keng national Coupe an och kee Championnat gouf et an den Okkupatiounsjoren 1941-44.

D'Coupe de Luxembourg ass e Wanderpokal; de Coupegewënner kritt, nieft Titel a Goldmedailen, och d'Trophée selwer mat an däerf se bis 6 Woche virun der nächster Coupefinall halen. Den zweete Finalist muss sech mat Sëlwer zefridde ginn.

D'Déifferdenger Red Boys huet d'Coupe de Luxembourg am dackste gewonnen. De fréieren[1] Traditiounsveräin aus dem Minett war 24-mol an der Finall an huet de Pokal 15 Kéieren däerfe matheemhuelen.

Analog zu der Coupe bei de Männer gouf an der Saison 2001/2002 eng Coupe de Luxembourg fir Dammenekippen agefouert.

Aktuelle Spillmodus änneren

D'Coupe de Luxembourg gëtt als Knockout-Tournoi gespillt. All Tur spillen d'Ekippen nëmmen ee Match deen dann och gläichzäiteg eng "kleng Finall" ass bei där nëmmen de Gewënner eng Ronn viru komme kann. Konnt no 90 Minutte keng Ekipp sech duerchsetzen, gëtt eng Verlängerung vun 2x15 Minutte gespillt. Steet et duerno ëmmer nach gläich, ginn Eelefmeter geschoss. Déi repektiv Matcher gi vun der FLF geloust. Gespillt gëtt um Terrain vun der Ekipp déi als éischte gezu ginn ass. Spillt e Veräin aus der Nationaldivisioun géint e Club aus enger anerer Divisioun, huet d'Ekipp aus der Divisioun drënner automatesch Heemvirdeel (gëllt bis zu der 1/8 Finall). D'Finall gëtt op neutralem Terrain gespillt.

All Ekipp aus dem lëtzebuergeschem Championnat däerf, wa se sech virdru bei der Federatioun ugemellt huet, matmaachen. Well awer d'Ënnerscheeder am Spill tëscht ieweschten an ënneschten Divisiounen net ëmmer kleng sinn, spillen net all d'Veräiner aus allen Divisioune vun Ufank un mat. Déi éischt zwéin Tier ginn just vun Ekippen aus der zweeter an drëtter Divisioun gespillt soudatt um Enn vun der zweeter Ronn nëmme méi 16 Veräiner aus den zwou ënneschten Divisioune mat dobäi sinn. An der drëtter Ronn kommen d'Clibb aus der Éischter Divisioun zum Zuch, de véierten Tour spillen d'Ekippen aus der Éierepromotioun mat. D'Veräiner aus der Nationaldivisioun kommen eréischt an der fënnefter Ronn mat an d'Spill, ginn awer sou gesat, datt se sech deen Tour net begéinen. Vun der 1/16 Finall un ass den Tournoi op an all d'Ekippe kommen an dat selwecht Dëppen.

Coupegewënner no Joren änneren

Joer Gewënner Resultat Finalist Spektateuren Arbitrage
1921/1922 Racing Club Lëtzebuerg 2-0 Jeunesse Esch
1922/1923 Fola Esch 3-0 US Hollerech
1923/1924 Fola Esch 2-0 Red Boys Déifferdeng
1924/1925 Red Boys Déifferdeng 1-1 n.V.
3-0
Spora Lëtzebuerg
1925/1926 Red Boys Déifferdeng 5-2 Union Lëtzebuerg
1926/1927 Red Boys Déifferdeng 3-2 Jeunesse Esch
1927/1928 Spora Lëtzebuerg 2-2 n.V.
5-2
Stade Diddeleng
1928/1929 Red Boys Déifferdeng 5-3 Spora Lëtzebuerg
1929/1930 Red Boys Déifferdeng 2-1 Spora Lëtzebuerg
1930/1931 Red Boys Déifferdeng 5-3 n.V. Spora Lëtzebuerg
1931/1932 Spora Lëtzebuerg 2-1 Red Boys Déifferdeng
1932/1933 Progrès Nidderkuer 4-1 Union Lëtzebuerg
1933/1934 Red Boys Déifferdeng 5-2 Spora Lëtzebuerg
1934/1935 Jeunesse Esch 4-2 Red Boys Déifferdeng
1935/1936 Red Boys Déifferdeng 2-0 Stade Diddeleng
1936/1937 Jeunesse Esch 3-0 Union Lëtzebuerg
1937/1938 Stade Diddeleng 1-0 The National Schëffleng
1938/1939 US Diddeleng 2-1 Stade Diddeleng
1939/1940 Spora Lëtzebuerg 6-2 Stade Diddeleng
1940/1941
1941/1942
1942/1943
1943/1944
Keng Coupe de Luxembourg
1944/1945 Progrès Nidderkuer 2-0 Spora Lëtzebuerg
1945/1946 Jeunesse Esch 3-1 Progrès Nidderkuer
1946/1947 Union Lëtzebuerg 2-1 n.V. Stade Diddeleng
1947/1948 Stade Diddeleng 1-0 n.V. Red Boys Déifferdeng
1948/1949 Stade Diddeleng 1-0 Racing Rodange
1949/1950 Spora Lëtzebuerg 5-1 Red Boys Déifferdeng
1950/1951 SC Téiteng 1-1 n.V.
2-0
CS Gréiwemaacher
1951/1952 Red Boys Déifferdeng 1-0 Red Star Märel-Belair
1952/1953 Red Boys Déifferdeng 2-1 CS Gréiwemaacher
1953/1954 Jeunesse Esch 5-0 CS Gréiwemaacher
1954/1955 Fola Esch 1-1 n.V.
4-1
Red Boys Déifferdeng
1955/1956 Stade Diddeleng 3-1 n.V. Progrès Nidderkuer
1956/1957 Spora Lëtzebuerg 2-1 Stade Diddeleng
1957/1958 Red Boys Déifferdeng 2-1 US Diddeleng
1958/1959 Union Lëtzebuerg 3-1 n.V. CS Gréiwemaacher
1959/1960 The National Schëffleng 3-0 Stade Diddeleng
1960/1961 Alliance Diddeleng 3-2 Union Lëtzebuerg
1961/1962 Alliance Diddeleng 1-0 Union Lëtzebuerg
1962/1963 Union Lëtzebuerg 2-1 Spora Lëtzebuerg
1963/1964 Union Lëtzebuerg 1-0 n.V. Aris Bouneweg
1964/1965 Spora Lëtzebuerg 1-0 Jeunesse Esch
1965/1966 Spora Lëtzebuerg 2-0 Jeunesse Esch
1966/1967 Aris Bouneweg 1-0 Union Lëtzebuerg
1967/1968 US Rëmeleng 0-0 n.V.
1-0
Aris Bouneweg
1968/1969 Union Lëtzebuerg 5-2 Alliance Diddeleng
1969/1970 Union Lëtzebuerg 1-0 Red Boys Déifferdeng
1970/1971 Jeunesse Uewerkäerjeng 4-1 n.V. Jeunesse Esch
1971/1972 Red Boys Déifferdeng 4-3 Aris Bouneweg
1972/1973 Jeunesse Esch 3-2 n.V. Fola Esch
1973/1974 Jeunesse Esch 4-1 Avenir Beggen
1974/1975 US Rëmeleng 2-0 Jeunesse Esch
1975/1976 Jeunesse Esch 2-1 Aris Bouneweg
1976/1977 Progrès Nidderkuer 4-4 n.V.
3-1
Red Boys Déifferdeng
1977/1978 Progrès Nidderkuer 2-1 Union Lëtzebuerg
1978/1979 Red Boys Déifferdeng 4-1 n.V. Aris Bouneweg
1979/1980 Spora Lëtzebuerg 3-2 n.V. Progrès Nidderkuer
1980/1981 Jeunesse Esch 5-0 Olympique Äischen
1981/1982 Red Boys Déifferdeng 2-1 US Rëmeleng
1982/1983 Avenir Beggen 4-2 Union Lëtzebuerg
1983/1984 Avenir Beggen 4-1 Union Lëtzebuerg
1984/1985 Red Boys Déifferdeng 1-0 Jeunesse Esch
1985/1986 Union Lëtzebuerg 4-1 Red Boys Déifferdeng
1986/1987 Avenir Beggen 6-0 Spora Lëtzebuerg
1987/1988 Jeunesse Esch 1-0 Avenir Beggen
1988/1989 Union Lëtzebuerg 2-0 Avenir Beggen
1989/1990 Swift Hesper 3-3 n.V.
7-1
AS Déifferdeng
1990/1991 Union Lëtzebuerg 3-0 Jeunesse Esch
1991/1992 Avenir Beggen 1-0 CS Péiteng
1992/1993 Avenir Beggen 5-2 F91 Diddeleng
1993/1994 Avenir Beggen 3-1 F91 Diddeleng
1994/1995 CS Gréiwemaacher 1-1 n.V.
3-2
Jeunesse Esch
1995/1996 Union Lëtzebuerg 3-1 Jeunesse Esch
1996/1997 Jeunesse Esch 2-0 Union Lëtzebuerg 1.986
1997/1998 CS Gréiwemaacher 2-0 Avenir Beggen 2.374 Carlo Flenghi
1998/1999 Jeunesse Esch 3-0 FC Monnerech 2.134
1999/2000 Jeunesse Esch 4-1 FC Monnerech 3.420
2000/2001 Etzella Ettelbréck 5-3 FC Wolz 71 2.313 Franco Maraglino
2001/2002 Avenir Beggen 1-0 F91 Diddeleng 1.853 Raymond Weicker
2002/2003 CS Gréiwemaacher 1-0 Etzella Ettelbréck 1.856 Henri Reuter
2003/2004 F91 Diddeleng 3-1 n.V. Etzella Ettelbréck 2.418 Claude Birenbaum
2004/2005 CS Péiteng 5-0 FC CeBra 01 2.801 Luc Wilmes
2005/2006 F91 Diddeleng 3-2 Jeunesse Esch 2.157 Francois Mangen
2006/2007 F91 Diddeleng 2-1 UN Käerjéng 97 2.475 Antoine Mestre
2007/2008 CS Gréiwemaacher 4-1 Victoria Rouspert 3.835 Mario Pinto das Costa, Crelo, Bourgnon
2008/2009 F91 Diddeleng 5-0 UN Käerjeng 97 3.358 Romain Sales
2009/2010 FC Déifferdeng 03 1-0 CS Gréiwemaacher 2.504 Serge Parage
2010/2011 FC Déifferdeng 03 1-0 F91 Diddeleng 2.713 Frank Bourgnon
2011/2012 F91 Diddeleng 4-2 n.V. Jeunesse Esch 2.847 Christian Holtgen
2012/2013 Jeunesse Esch 2-1 FC Déifferdeng 03 2.353 Alain Durieux
2013/2014 FC Déifferdeng 03 2-0 F91 Diddeleng 2.836 Frank Bourgnon
2014/2015 FC Déifferdeng 03 1-1 n.V.
3-2 n.E.
F91 Diddeleng 2.566 Laurent Kopriwa
2015/2016 F91 Diddeleng 1-0 US Munneref 3.053 Alex Krueger
2016/2017 F91 Diddeleng 4-1 CS Fola Esch 1.989 Marco Tropeano
2017/2018 Racing FC Union Luxembourg 4-3 n.E. US Hueschtert 3.287 Antoine Monteiro
2018/2019 F91 Diddeleng 5-0 FC Etzella Ettelbrück 2.866 Sergio Rodrigues, David Mateus Santos, Dani Dias Balsa, Ivo Torres
2019/2020 Ofgebrach weinst der Covid-19 Pandemie
2020/2021 Net ofgehal weint der Covid 19 Pandemie
2021/2022 Racing FC Union Luxembourg 3-2 F91 Diddeleng

Coupegewënner der Zuel vun den Titelen no änneren

Veräin Coupegewënner Finalist Gewonnen an de Joren
Racing FC Union Lëtzebuerg 22 25 2018, 2022
dovun als Racing Club Lëtzebuerg 1 0 1922
dovun als Aris Bouneweg 1 5 1967
dovun als Union Lëtzebuerg 10 10 1947, 1959, 1963, 1964, 1969, 1970, 1986, 1989, 1991, 1996
dovun als Spora Lëtzebuerg 8 8 1928, 1932, 1940, 1950, 1957, 1965, 1966, 1980
dovun als US Hollerech 0 1
FC Déifferdeng 03 18 10 2010, 2011, 2014, 2015
dovun als Red Boys Déifferdeng 15 9 1925, 1926, 1927, 1929, 1930, 1931, 1934, 1936, 1952, 1953, 1958, 1972, 1979, 1982, 1985
dovun als AS Déifferdeng 0 1
Jeunesse Esch 13 11 1935, 1937, 1946, 1954, 1973, 1974, 1976, 1981, 1988, 1997, 1999, 2000, 2013
F91 Diddeleng 14 13 2004, 2006, 2007, 2009, 2012, 2016, 2017
dovun als US Diddeleng 1 1 1939
dovun als Stade Diddeleng 4 7 1938, 1948, 1949, 1956
dovun als Alliance Diddeleng 2 1 1961, 1962
Avenir Beggen 7 4 1983, 1984, 1987, 1992, 1993, 1994, 2002
Progrès Nidderkuer 4 3 1933, 1945, 1977, 1978
CS Gréiwemaacher 4 4 1995, 1998, 2003, 2008
Fola Esch 3 1 1923, 1924, 1955
US Rëmeleng 2 1 1968, 1975
Etzella Ettelbréck 1 2 2001
CS Péiteng 1 1 2005
FC Schifflange 95 als The National Schëffleng 1 1 1960
Jeunesse Uewerkäerjeng 1 0 1971
SC Téiteng 1 0 1951
Swift Hesper 1 0 1990
FC Monnerech 0 2
FC CeBra 01 0 1
UN Käerjéng 97 0 1
FC Wolz 71 0 1
Olympique Äischen 0 1
Racing Rodange 0 1
Red Star Märel-Belair 0 1

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  • (fr) flf.lu Offiziell Websäit vun der FLF

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Red Boys huet 2003 mat der AS Déifferdeng zum FC Déifferdeng 03 fusionéiert.