Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation
D'Cité des Sciences de la Recherche et de l'Innovation ass den Numm vun engem Ensembel vun ëffentlechen Infrastrukturen haaptsächlech aus dem Beräich Wëssenschaft, Fuerschung an Innovatioun, déi zënter den 2000er Jore bannent enger 15 bis 20 Joer op der sougenannter Héichuewenterrass op de fréiere Frichë vun Esch-Belval gebaut gëtt.
De Regierungsrot huet de 5. Juli 2001 d'Konzept vun der Cité des sciences approuvéiert. Et ass virgesinn, datt do ronn 1 Milliard Euro soll investéiert ginn.
No an no entstoungen an entstinn esou eng 25 eenzel Bauprojeten, mat enger Gesamtbaufläch vun ongeféier 475.000 m², op engem Terrain vu 27,34 Hektar. 7.000 Studenten an 3.000 Enseignanten a Fuerscher sollen am Endeffekt do schaffen. Bauhär vun deene meeschte Projeten ass de Fonds Belval, eng Ëffentlech Ariichtung.
Zu der Cité des sciences gehéieren:
- Zwou vun den dräi Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg, nämlech d'Fakultéit fir Sprooch- a Geeschteswëssenschaften, Konscht- an Erzéiungswëssenschaften an d'Fakultéit vun den Naturwëssenschaften, der Technologie an der Kommunikatioun.[1] D'Decisioun, ob déi drëtt Fakultéit, déi fir Droit, Ekonomie a Finanzen och soll op Belval kommen, steet nach aus. Déi fir d'Sprooch-, Geeschtes- Konscht- an Erzéiungswëssenschaften ass am Summer 2015 vum Campus Walfer dohi geplënnert, déi fir Naturwëssenschaften, Technologie a Kommunikatioun soll een-zwee Joer drop nokommen.
- d'ëffentlech Fuerschungsariichtunge vum Luxembourg Institute of Science and Technology (zanter 2015 zesummegeschloss aus de fréieren CRP Gabriel Lippmann, CRP Henri Tudor an dem CEPS/INSTEAD).
Ënnerbruecht sinn dës Etablissementer an enger Rëtsch neie Gebaier wourënner:
- d'Maison du savoir, d'Haaptgebai (2014);
- d'Maison des sciences humaines (2014);
- d'Maison du nombre (2017);
- d'Maison des arts et des étudiants (2018);
- d'Maison des matériaux 1 an 2 (2018);
- d'Maison de l'innovation (2014);
- d'Versuchsateliere fir Ingenieuren;
- d'Haiser Biotech 1 a Biotech 2 (2011[2], 2015);
- d'Maison du livre, d'Universitéitsbibliothéik; Luxembourg Learning Centre genannt (2018);
- d'Maison de l'ingénieur;
- d'Maison de la vie;
- d'Maison de l'environnement I an II;
- 2 Studentewunnheemer, Uni-Val 1 an 2 (2015, 2016).
Zu de staatleche Kultur- a Fräizäitariichtungen, déi och derbäi gehéieren, zielen ë. a. d'Rockhal (2004) an at neit Gebai fir d'Nationalarchiven (geplangt; Bau 2021-2024).
Literatur
änneren- Fonds Belval (ed.): La Cité des Sciences 2012. Esch-sur-Alzette 2012, 254 S., ill.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Decisioun vum Regierungsrot vun Dezember 2005
- ↑ "Uni ist auf Belval angekommen ". wort.lu, 27.09.2011 07:37, aktualiséiert 27.09.2011 09:18.