Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Drëssegjärege Krich war ee vun de längsten an destruktiivste Kricher, a gläichzäiteg ee vun de Reliounskricher an der Geschicht vun Europa, bei deem déi meeschte Leit gestuerwe sinn. E war tëscht 1618 a 1648 an Zentraleuropa an huet aacht Milliounen Doudeger gefuerdert.

Zentraleuropa 1618, kuerz virum Ausbroch vum Krich
Déi eenzel Phase vum Krich

Um Ufank vum 17. Joerhonnert stécht Europa an der Kris. D'chrëschtlesch Welt geréit wéinst den neien Iddien (vgl.: Humanismus a Reformatioun) un d'Wibbelen, d'Protestanten an d'Katholike streiden ëm konfessionellen Afloss a politesch-militäresch Muecht. Wéi béimesch Adeleger 1618 zu Prag géint hire Kinnek, den zukünftege Keeser Ferdinand II. vun Habsburg rebelléieren, brécht geschwënn e Krich aus, deen als Drëssegjärege Krich bekannt gouf. Dee Krich, deen als e quasi lokale reliéis-politesche Problem an engem Eck vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun ugefaangen huet, ass ëmmer méi zu enger europäescher Affär ginn, an där et drëms goung, seng Virmuechtstellung opzebauen.

Den Drëssegjärege Krich huet vu 1618 bis 1648 gedauert a léisst sech a véier verschidde Phasen opdeelen:

  • de pfälzesche Krich (1618-1625): de béimeschen Adel hat de Chef vum protestantesche Lager, de Kurfürst Friedrich von der Pfalz, zu sengem neie Kinnek gemaach...;
  • den dänesche Krich (1625-1629): no der verluerener Schluecht beim Wäisse Bierg hunn d'Protestanten den dänesche Kinnek ëm Hëllef geruff...;
  • de schweedesche Krich (1630-1635): no der erneierter Nidderlag vum protestantesche Lager ass de Kinnek vu Schweden, de Gustav II. Adolf, aus dem Haus Vasa, iwwer d'Räich hiergefall, ass allerdéngs no enger Rei vun Erfollegen an der Schluecht vu Lützen gefall...;
  • de franséische Krich (1635-1648): Frankräich, dat scho laang indirekt - duerch Subsiden a Sëldner - géint d'Haus Habsburg gekämpft huet, krut e manifeste Krichsgrond geliwwert wéi am Mäerz 1635 de spuenesche Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg Truppe géint déi zënter 1632 vun de Fransouse besate Stad Tréier geschéckt huet, déi d'Stad ageholl hunn an de mat de Fransouse verbënnten Tréirer Kurfierscht von Sötern gefaange geholl hunn. Frankräich huet elo mat de Feldhäre Condé an Turenne direkt agegraff (wat de Krich och an d'Herzogtum Lëtzebuerg bruecht huet), huet de keeserlechen Truppen e puer zolitt Nidderlage verpasst an huet 1648 de sougenannte Westfälesche Fridden zu Münster an zu Osnabrück (=> 3 verschidde Verträg) méi oder wéinger diktéiert.

Mam Westfälesche Fridde war d'Räich definitiv geschwächt (a méi wéi 300 politesch Eenheeten opgedeelt), dem Louis XIV. säi Frankräich war déi Groussmuecht um europäesche Festland ginn, a Schweden huet fir eng länger Zäit Nordeuropa an d'Ostséi dominéiert; d'Republik vun de Vereenegte Provënzen (ëm Holland) an d'Schwäizer Kantonen, déi de facto scho méi laang onofhängeg ware, sinn als eegestänneg Länner unerkannt ginn, déi net méi vum Räich ofgehaangen hunn.

Ausbléck

änneren

Wann déi éisträichesch Linn vum Haus Habsburg baussent deene Gebidder, déi hir direkt gehéiert hunn, staark un Afloss verluer hat, sou war déi spuenesch Linn fir Frankräich nach ëmmer eng Gefor, respektiv Frankräich wollt d'Spuenier aus de Südlechen oder "spueneschen" Nidderlande verdreiwen, fir bis un de Rhäin virdréngen ze kënnen. Dofir ass den Drëssegjärege Krich souzesoe verlängert ginn, an zwar bis zur Néierlag vu Spuenien an zum Pyrenäesche Fridden 1659. An deem Fridden huet Spuenien ë. a. op Diddenuewen a Montmédy zu Gonschte vu Frankräich verzicht, Stied, déi zum Herzogtum Lëtzebuerg - mëttlerweil am Kader vun de Spueneschen Nidderlande - gehéiert haten. No de grousse Verloschter u Bevëlkerung (50,2 %) a Bausubstanz, bedéngt duerch Hongersnéit, Peschtepidemien an Truppebeweegungen tëscht 1635 a 1656, huet d'Herzogtum Lëtzebuerg deemno 1659 och nach wichteg Gebidder a Festungsstied verluer (d'Festungsstad Diddenuewe war deemools déi zweetgréisst Stad vum Herzogtum, a Montmédy war eng Festung, déi net liicht anzehuele war).

Literatur

änneren
  • Johannes Burkhardt, Der Krieg der Kriege - Eine neue Geschichte des Dreissigjährigen Krieges; Sttuttgart (Klett-Cotta), 2018.
  • Georg Schmidt, Der Dreissigjährige Krieg ; München (C.H. Beck Verlag, Reihe "Wissen"), 2010 (= 8., aktualiséiert Oplo); ISBN 978-3-406-49034-7
  • Sigfrid Heinrich Steinberg, Der Dreißigjährige Krieg und der Kampf um die Vorherrschaft in Europa 1600-1660 ; Göttingen (Vandenhoeck & Ruprecht), 1967, c1966; 162 Säiten.
  • Georges Livet, La Guerre de Trente Ans ; Paräis (Presses universitaires de France), 1963; 4., aktualiséiert Ausgab: 1983; ISBN 2-13-037834-X
  • (Generol) Maxime Weygand (de l'Académie française), Turenne ; Paräis (Flammarion), 1929; 258 Säiten.
  • Philippe Stachowski, Une région frontalière - Entre Luxembourg et Lorraine (1500-1789) ; Lëtzebuerg & Diddenuewen (Gérard Klopp, éditeur), 2011; 299 Säiten. ISBN 2-911992-70-9

Um Spaweck

änneren
Commons: Drëssegjärege Krich – Biller, Videoen oder Audiodateien